Chrëschtbeemercherssammlung vum 08.01.2011

Läschten Samschden, hun sech eng Ronn 40 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener op den Wee gemach fir Chrëschtbeemercher an ze sammelen. Zu Fouss, um Traktor oder um Camion war Grouss a Kleng durch Beetebuerg ennerwee.

Niewend den Chrëschtbeemercher hun Guiden a Scouten och Suen gesammelt. Ewei all Joers gin des Suen fir en gudden Zweck gespennt. Dest Joer as Wiel op en Scoutsgrupp vun Haiti gefall. No deenen schlemmen Naturkatastrophen am Haiti brauch desen Grupp eng finanziell Ennerstetzung fir nees kennen ze funktionneieren. Beetebuerger Guiden a Scouten wellen mat deser Aktioun desen Grupp ennerstezen.