Gruppechefsrencontre vun den LGS

Den 12. Januar 2011 hat den Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten op Wanterrencontre op Beetebuerg invitéiert.
2 Mol am Joer treffen sech di respektiv Chefen vun den Scoutsgruppen aus dem Land fir sech iwwert verschidden Themen aus ze tauschen an nei Ideeën ze sammelen.
Zu Beetebuerg gouf iwwert Problemer die an engem Scoutsgrupp optauchen kennen geschwat.
No flotten Diskussiounsronnen an klengen Gruppen, konnten Participanten vun enger Presentatioun iwwert Konfliktmanagement profitéieren. Hei gouf gewisen wéi eng Typen vun Konflikter et gëtt an wei een ugepasst reagéieren kann.

Zum Ofschloss huet den Beetebuerger Grupp eng lecker Zopp an en Patt offréiert. Hei gouf dann nach eng länger Zäitchen an engem oppenen Cadre sech ausgetosch.