(Fotoen) Theater 2013 vun de Beetebuerger Guiden a Scouten

Ëm Samschden hunn Beetebuerger Guiden a Scouten an 2 Virstellungen hirt Talent am Theaterspillen ënnert Beweis gestallt. Vun deenen Klengsten, den Biber (6 Joer), bis zu deenen Eelsten, Albatrossen (36 Joer), stoung jiddereen op der Bühn.

Ob et den Hues Felix war, deen en Oofstiercher an Afrika gemaach huet, oder den Känguruh Jaak deen Australien entdeckt huet, den Chaos um Findel, am Hotel an beim Pool, Affaire Bommeleeër oder witzeg Zwëschenstécker, fir jiddereen war eppes derbäi.

Den Applaus vum Publikum huet gewisen, dat Chef an Kanner sech erëm vill Méi gemaach hunn, déi esou och belount ginn ass.

Hu Dir elo dësen flotten Theater verpasst, esou kennt dir jo nächst Joer derbäi sinn. Dir kennt awer och an e puer Deeg op www.emmerbereet.lu kucken goen, wou dann e puer Impressiounen a Form vun Foto festgehalen ginn sinn.

Mir soen op jiddefalls all Kanner, Chef an Memberen e groussen Merci fir hiert Engagement an hier Hëllef, grad ewéi dem Publikum deen vollkommen op seng Käschten komm ass.

More news by Guiden a Scouten Grupp Abbé Pierre Bettembourg >