De BBC Nitia wënnt de Challenge Henri Heyart 2011

Den traditionellen internationalen Basketsturnéier Challenge Henri Heyart gëtt dest Joer gewonnen vun der Lokalequipe vum BBC Nitia Beetebuerg.

An engem Match wou déi zwou Equipen net komplett waren - se sinn ënner anerem ouni hier EU Spiller ugetrueden an den Amerikaner vun der Etzella konnt nom éischte Véierel net méi matspillen well en sech wéi gedoen hat - huet di Beetebuerger Equipe ganz staark gespillt an der Etzella Ettelbréck keng Chance geloss: 72 : 45.

T'Klassement ass um Enn dat heiten:

1. BBC Nitia Bettembourg
2. Etzella Ettelbruck
3. Pall Basket Arlon (B/L)
4. LBBA Basketball Academy
5. Houdemont BC (F)
6. Kordall Steelers
7. U.S. Silvange-Basket (F) .
8. BBC Bascharage Hedgehogs
9. BBC Telstar
10. Longeville et St Avold Basket (F)

De Challenge Henri Heyart gouf vu sengem Fils Paul Heyart perséinlech iwwerreecht.

All Detailer fann der wéi ëmmer op www.bbcnitia.lu