Reservéiere vu Menüen um BBC Nitia Summerfest 2011 bis den 30. Mee

Dem BBC Nitia Beetebuerg säin traditionellt Summerfest gëtt dëst Joer iwwer dräi Deeg organiséiert. A wéi ëmmer gëtt et och dëst Joer erëm t'Méiglechkeet fir e ganze Menü ze degustéieren.

Op Christi-Himmelfaart, Donneschdes, den 2. Juni, proposéiert de BBC Nitia eng genësserlech Fësch Friture.

Sonndes, de 4. Juni, gëtt et Poulet Fermier.

Dir kënnt bis de Méindeg den 30. Mee äre Menü reservéieren iwwer Telefon um 621 32 26 08, iwwer Mail op info@bbcnitia.lu oder direkt op www.bbcnitia.lu .

Déi dräi Deeg gëtt et natierlech och vill aner Zorte Gegrilltes an fir t'éischt och Spare Ribs. A géint den Duuscht huet de BBC Nitia beschtens ageluecht.

An déi zwee Deeg ass och nach eise Floumaart op der Kiercheplaz