Bei Faakelliicht duerch d’Miseler Virland

Léif Wander- & Genéisser-Frënn, ë Samschdeg, 19. Mäerz organiséieren mir nees eng Fakelwanderung, mee des Kéier duerch a ronderëm d’Uertschaft Betzder.

Op dësem Tour gitt dir ënner aanerem Interessantes iwwer eis Naturschätz an d’Biodiversitéit gewuer, déi eist schéint Virland vun der Musel ze bidden huet.

Mee et gëtt natierlech net nëmme gewandert - et erwaart iech natierlech och eng gutt Drëps an ë klénge Maufel z'iessen. Fir d’Kanner ass ë gudde waarme Schocki virgesinn.

Erlieft a Begleedung vun eise Guiden eist Miseler Virland emol anescht, a loosst iech spannend Geschichten an Anekdoten aus der Géigend erzielen!
An gemittlecher Atmosphär kënnt dir den Owend dann am Relais du Château am Duerf ausklénge loossen.


Start: 19:00 Auer
Treffpunkt: Parking vum Institut St Joseph (rue de la Grotte)
Präis:
28,00€ pro Erwuessenen; 15,00€ pro Kand (< 16 Joer)
Sprooch:Lëtzebuergesch
Dauer: 2-3 Stonnen;
Längt vum Tuer: ca. 5 km;
Schwieregkeetsgrad: liicht-mëttelschwéier


D'Plazen sinn begrenzt. Ticketen kënnt dir online bei eis am Ticketshop kafen:
https://bit.ly/3Kp62om


Aus organisatoresche Grënn, géinge mir iech bieden bis spéitstens de 16.03.2022 ären Ticket ze buchen.


Oppassen: et ass leider kee Remboursement méiglech!


An der Hoffnung dass d’Wieder matspillt, freeën mir eis elo schonn iech bei eiser Fakelwanderung derbäi ze hunn!