Picknick am Wéngert - Lëtzebuerg dat ass Vakanz

Dëst Joer steet d'Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ vum Ministère de l'Economie-Generaldirektioun fir Tourismus, ënnert dem Zeeche vum „Aktivtourismus“. An deem Kontext huet den ORT Musel zesumme mam Syndicat d'Initiative Manternach, sonndes, de 9.7.2023 eng Wanderung iwwert d’'Traumschleife Manternacher Fiels mat engem Picknick am Wéngert organiséiert. 170 Wanderer si bei summerlechen Temperaturen un de Start gaangen.


Mir soen allen Acteure villmools Merci fir déi flott Zesummenarbecht.