AVEX STAP 2013 "Bommeleeër"

Ewéi all 2 Joer huet d'AvExbranche vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hir Formatiounswoch vum 2 Zyklus zu Bilschdrëf op der Campplaatz vum Relais de l'amitié. 21 jonk Chef hu sech virgeholl d'Formatioun vum Truppechef ze maachen an domat vill Verantwortung an Zukunft an hire jeeweilegen Truppen z'iwwerhuelen. Déi ganz Woch iwwer probéiert d'AvExekipp ënnert der Leedung vum Fränz Duhr, de jonke Chef alles bäizebréngen wat Si nach un wëssen brauchen, fir hir zukünfteg Missioun ze meeschteren. Niewent Konstruktiounen, um Feier Kachen a flotte Veilléen, stinn vill pädagogesch Sessiounen an e flotten Hike ronderëm de Stau.
Thema vun dësem Stap as natierlech ganz aktuell.
Ech hunn Iech e puer Fotoen vun den éischten Deeg matbruecht.