Dëst Joer ass nees e STAP zu Bilschdref vun den AvEx

A wat ass dat dann? Majo, d'AvEx as bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Branche am Alter vun 11-14 Joer. A fir dass dës Branche nei Truppecheffen krit gëtt all 2 Joer eng Formatiounswoch, "STAP" genannt ofgehalen.

Dës Kéier steet dat ganzt ënner dem Thema "7 Zwergen". E Samschden sinn 16 Kandidaten hei zu Bilschdref ukomm fir vill neies ze léieren. Ugefangen gouf mat Konstruktiounen an enger flotter Zwergeveillée. Theoretesch a praktesch Sessiounen woren haut um Programm. Et kann nëmmen eng flott Woch gi, mat de Kandidaten déi mer dest Joer nees hunn.