En Hike am Naturpark Uewersauer

Op eiser Formatiounswoch zu Bilschdrëf ass et weidergaangen. Gëscht an Haut stoung den Hike um Programm. Natierlech goufen Rucksäck gewiehen fir dass och keen ze vill matgeholl huet.

Eis Kandidaten woren ënnerwee ronderëm de Stau, si mat Kanuen vun Base Nautique zu Lëlz gefuer a mat Schlauchbooter. Geschlof gouf zu Eschduerf an enger Wiss (ausserhalb vun der Schutzzone) ënnert engem Tarp. An owes ass et och nach eng lecker Forell z'iesse ginn. Si sinn erëm all gutt op der Campplaatz ukomm an den Owend wäerte verschiddener vun hinnen hiert Chefverspriechen ofleeën.