Minimes vum FCJ Jonglënster klammen an di 1.Klass

Dëst Joër haten d'Minimes vun Jonglënster eng Entente mat Biwer gemaach, mam Hannergedanken datt esou vill Bouwen wéi méijlech di ganz Saison ze spillen sollten kréien.
D'Rechnung ass voll opgaang, hun d'Jongen ënnert dem Trainerduo Carlo Sauber/Pierre Schmitz immens vill am takteschen an kierperlechen Beraich baigeléiert.


D'Kiischt um Kuch ass natiirlech den Opstieg an di allerhéchsten Spillklass, wou scho ganz laang kéng Ekipp vun Jonglënster méi waar.

En Densdeg den Owend stoung dee läschten Match um Programm, och wann den Opstiig schon d'Lescht Woch duerch en 2-0 zu Mäerzeg fest stoung. Fir dem Trainer eng Freed ze maan gouf och nach 1-0 géint Merl gewonnen duerch e Gol vum Nicolas Raas.
Houfreg sin, niewent de Spiller an den Traineren, natiirlech d'Elteren déi hir Kanner di ganz Saison positiv begleet hun.

Um Enn vun der Réckronn stin 9 Victoiren an eng Néierlaag, e Resultat op dat dee ganzen Verain kann stolz sin an op daat sech opbauen léisst.

An der Ekipp stoungen: Ben, Maurice, Joao, Nicolas, Alex, Jacques, Tadgh, Maxence, Kadir, Felipe, Mike, Pit an de Luca.

E spezielle Merci och un d'Mireille, wat di ganz Saison iwwer zu all Moment fir d'Bouwen do war.

Bravo un d'Traineren Carlo an Pierre, un d'Futballisten, weider esou!!!!!