(Fotoen) Den F.C. Jonglënster ass an der Eierepromotioun!

Elo ass et definitiv: Déi nächst Saison spillt déi éischt Equipe vum F.C. Jeunesse Jonglënster an der Eierepromotioun! Dat ass eng Première fir de Veräin, dien 1935 gegrënnt ginn ass. D'Spiller, den Trainer an all Responsabel si fir deen Exploit ze felicitéieren. Vun deene 26 Matcher vum Championnat huet den F.C. Jeunesse Jonglënster der 19 gewonnen, 6 gläichgespillt an 1 verluer, 63 Punkten an domat Bezierksmeeschter: also e Bommeresultat. Am leschte Match géint Rolleng (Lamadelaine) hunn d'Spiller de Sak zougemaach: 4:1 hu si gewonnen, an du stoung et fest: Opstieg an d'Eierepromotioun! Bravo!

All Supportere freeë sech iwwer deen Erfolleg a si drécken elo schon d'Daimercher fir d'Saison 2013/2014! (dd)