Nei Jogging-Kostüme vum Restaurant "Veranda 2" fir d'Damme vum F.C. Jeunesse Jonglënster

Kierzlech hunn déi zwéi Cheffe vum Restaurant Veranda 2 vu Lënster, den Alessandro de Marco an den Sergio Aires, nei Jogging-Kostümen un d'Dammenéquipe vum F.C. Jeunesse Jonglënster iwwerrécht.

Bei de Spillerinnen war d'Freed nach grouss iwwer den Doublé: Landesmeeschter a Coupe-Gewënner! Immens frou ware si natierlech och iwwer déi nei Kostümen a si an hiren Trainer, de Carlo Calmes, hu verséchert, datt si mat ganz vill Hoffnungen op déi nei Saison waarden. Et war och nëmmen normal, datt d'Rose Settanni, Kapitän vun der erfollegräicher Equipe, d'Coupe mat op dës flott Feier matbruecht hat; esouguer de Männer huet déi Coupe gefall! De President vum Veräin, de Claude Kremer, huet dem Alessandro de Marco an dem Sergio Aires en décke Merci gesot fir dee schéine Geste an déi flott Ënnerstëtzung, an dat an enger Zäit, wou et net méi esou einfach ass fir Sponsoren ze fannen. (dd)