Minimes vum Lënster Fussball stin an der Final vum FUTSAL 2013

Et waar spannend bis zum Schluss, an d'Minimes vum Lënster Fussball ronderem hiren Trainer Pierre Schmitz hun d'Nerven behalen an fir d'éischt an der Verainsgeschicht d'Final vum Futsal erreecht.
Wat ass de Futsal?
Et handelt sech heibai em d'Landesmeeschterschaft an der Hal, déi an de Kategorien Pupilles, Poussins, Minimes a Scolaires ausgedroën gëtt.
Nodeem di Lënster Bouwen di 2 éischt Tier souverän iwwerstanen haten, stoungen e Sonndeg an der Fiels mat den Ekippen vun Ettelbréck, Noumer/Colmar, Uewerkuer, Hesper an Aischdall ganz staark Géigner um Programm.
Nodeem den Tournoi mat engem glécklechen 3-2 géint Noumer ugefaangen huet, koum en 0-0 géint Ettelbréck zoustaan. Géint den Aischdall huet de Pedro Silva- an allerleschter Sekonn- den 1-1- geschoss.
Nom kloren 3-0 géint Uewerkuer konnten , vrum leschten Match, Lënster, Hesper an den Aischdall di 2 Qualifikatiounsplazen ennert sech ausmaachen.
Am entscheedenden Match géint Hesper ass et méijlechst schlecht ugaangen, kruten di Lënster dach no nemmen 2' schon e Gol geschoss, fir kuerz drop en Elefter géint sech gepaff ze kréien.
Mat enger Super-Parade huet de Golkipper Pit Baum den Elefter gehalen an daat huet bei senger Ekipp Kräften fraigesaat: den 1-1 huet kuerz drop de Paddy Schmitz markéiert, éier de Maxence Lejeune mam Kapp an nach emol de Paddy Schmitz op Elefter alles zum 3-1 kloër gemaach huet.

E groussen Luew gëllt der ganzer Ekipp, déi de Kapp ni hänken gelooss huet, ëmmer Ziel fir an d'Finall ze kommen vrun Aen! Et hu gespillt: Aaron, Luc, Felix, Pit, Maurice, Max , Maxence, Paddy, Pedro an Loris.

D'Finall gëtt e Sonndeg, den 24.Februar ab 9h zu Nidderanven gespillt.
Di jonk Spiller zielen op aer Ennerstetzung!