75 Joer Feier vum S.I.T. Born-Moersdorf

Et waren vill Leit iwert dei Déeg présent fir un den Feierlechkéeten deelzehuelen.
Den Programm war bréetgefächert an fir all Geschmach war eppes derbei.

Fir den leibleschen Wuehl war gesuergt mat éngem Grill- an Gedrénksstand.
Sonndes kruuten d’Visiteuren och e Menu : Judd mat Gaardebounen ugebueden.

D’Organisateuren hun d’Arbescht ob sech geholl bei der préparatioun vun de
Festleschkéeten mat der Siich vun Musekgruppen, Choralen an bei der
Animatioun vun de Kanner.

Aussteller waren och do an et konnt éen sech iwert hir Produkter informeieren
an natierlesch schmaachen oder verschieden Behandlungen a Frisuren un sech
selwer austesten oder sech just berooden lossen.

Bei den Aussteller waren :
Weingut Vinario (Inh. Invino S.A.) Zum Schloßberg, 346D-Wiltingen
Verwaltung: 1, Neie Wee L-Born
-Friseur Fellmann (Martin Fellmann) Trierer Str. 61 D-Igel
Äre Coiffer 34a Haaptstrooss L-Born
-Distellerie SCHMIT-ZIMER 36, Haaptstrooss L-Born
-Distillerie DAHM J.L-Lilien
-STRASSER François (Drechselarbeschten) L-Meischdref
- Con4life (Inhaber Uwe Postma) 34, Haaptstrooss L-Born
- Camping L-Born

Gruppen :
Burer Musek
Musik vun Nidderkuer
Maverix County Linedancers
Hierber Musek
Chorale Mompech
Spirit of the Higlands Pipes and Drumms
Choralen Bur an Méischdref
Museksveräin Alsdorf

Den DJ Charly huet dann owes am Festzelt fir d’Stemmung gesuergt.

Animatiounen :
D’Rad-Touren sin mam Gusty geféiert ginn (www.gusti.lu).
D’Fieschteren önnert dem Adam Fränk haaten sech den Atelieen
« Affenbréck » (Längt + 60m, Heicht iwer der Sauer etwa 4 m), Flossfahrt
iwert d’Sauer fier zréck an dem « Késchtenstappeln » (Héicht + 8m) ugeholl,
an dat mat Succées fir dei Kléng.
D’Pompjéen Bur-Méischdref hun den Fieschter bei den Obbau-Arbeschten
an och bei der Sécherhéet önnerstétzt.
Face-Painting vum Friseur Fellmann.

Desweideren hun och vill Freiwelleger vum Camping an Frénn dem S.I.T.
während den Feierlechkéeten gehollef.