Scheckiwwerreechungen bei de Caper Piwitschen

Bei Geleeënheet vun de Generalversammlungen vum Scoutsgrupp Caper Piwitschen a vun der Amicale Frënn vun de Caper Piwitschen goufen jeweils e Scheck vun 1.000 € un d’Alan an e Scheck vun 1.500 € un d’Caper Piwitschen iwwerreecht. D’ONGD-FNEL konnt sech iwwert e Scheck vun 2.500 € freeën mat deem en Entwécklungsprojet am edukative Beräich am Nepal ënnerstëtzt gëtt. Dës Donen ware méiglech duerch déi vill Aktivitéiten vun der Amicale iwwert d’Joer an haaptsächlech duerch den Erléis vun de mëttlerweil traditionelle Raclette-Owender an der Konschtausstellung déi d’Amicale all Joer Enn November organiséiert.