Caper Piwitschen an Mamer Wiselen ënnerstëtzen FNEL Projet'en

Dëst Joer hunn déi Responsabel vun den Scoutsgruppen "Caper Piwitschen" an "Mamer Wiselen" schonn fir déi 15. Kéier den Nuetsrallye "Lost in the Darkness" organiséiert.


Ronn 250 Leit hunn un dësem Rallye deelgeholl, wou se mat schwéieren Froëbéi an flotten Spiller hier Teamfähegkeet ënner Beweis stellen konnten.


Den Erléis vun 1500€ gouf un d'ONGD FNEL gespent, mat deenen Projet'en am Nepal ënnerstëtzt ginn.


Déi zwee Scoutsgruppen plangen schonn déi nächst Editioun vum Nuetsrallye, deen den 24. Mee 2017 ass. Méi Informatiounen op www.lost.lu