Scheckiwwerreechungen bei de Caper Piwitschen

Bei Geleeënheet vun der Generalversammlungen vum 7. Februar 2020 vum Scoutsgrupp Caper Piwitschen a vun der Amicale Frënn vun de Caper Piwitschen goufen jeweils e Scheck vun 1.000 € un d’Alan an e Scheck vun 1.500 € un d’Caper Piwitschen iwwerreecht. Dës Donen ware méiglech duerch déi vill Aktivitéiten vun der Amicale iwwert d’Joer an haaptsächlech duerch den Erléis vun de mëttlerweil traditionelle Raclette-Owender an der Konschtausstellung déi d’Amicale all Joer Enn November organiséiert.