Generositéit am Quartier Fetschenhaff-Cents

Zanter ville Joeren ass de Chrëschtmaart am Advent e fest Evenement an eisem Quartier. Den 20. an 21. Dezember 2025 haten sech d’Grënnesch Musek mat der Harmonie des Jeunes, d’Chorale Ste Cécile, d’Amicale vun de Guiden a Scouten op Invitatioun vun de Fraen a Mammen mat villen anere Benevollen zesummegedoen an e flotte Programm opgestallt. Verkaafsstänn mat Chrëschtgebäck, Kichelcher, Gebees, Käerzen, Gléckwënschkaarten, gestréckten, gebitzten a gebastelten Artikelen si wärend 2 Deeg ugebuede ginn an hu vill Uklang fonnt. Derniewent konnten d’Visiteuren natierlech allerlee drénken an iessen. Sonndes huet e wonnerbare Concert an der Centser Kierch eng flott Astëmmung op Chrëschtdag méiglech gemat.

All déi Aktivitéiten haten och e finanziellen Erfolleg, an d’Resultat dovunner, dat waren 10 000 €, ass viru Kuerzem am Abrëll 2026 mat 2 Schecken vu 5 000€ un zwou Organisatiounen iwwerreecht ginn: un d’Vereenegung „Amitié Am Sand Amizero“ déi am Ruanda haaptsächlech am schoulesche Beräich täteg ass, an un d’Associatioun „Le Rêve du Petit Prince“, déi Kanner aus Lëtzebuerg mat physeschen oder psychesche Problemer an hire Familljen op villerlee Manéier bäisteet. Déi Responsabel vun deenen zwou Organisatiounen hu bei der Scheckiwwerreechung eis vill wäertvoll Informatiounen an Temoignage matgedeelt.

Jeanne Meyers-Kaysen