Generositéit vun den Centser Veräiner Don fir de Projet „Reech eng Hand“

Um leschten Adventssonndeg am Joer 2022 war an der Centser Kierch e grousse Chrëschtmaart. Do si vill Petits-fours an anert Gebäck verkaaft ginn, flott Bastelaarbechten an Handaarbechten, an och Schneekereien a Gedrénks dat op der Plaz selwer gedronk a giess ginn ass. Zesummegeschafft hunn duerfir um Fetschenhaff-Cents, wéi zanter ville Jore schonns, folgend lokal Veräiner: d’Fraen a Mammen, d’Fanfare, d’Harmonie des Jeunes, d’Kannerchorale, d’Chorale Ste Cécile an d’Amicale vun de Guiden a Scouten. Trotz der ongewinnter Keelt an der Kierch hunn d’Musikanten an d’Sänger et fäerdeg bruecht eng waarm an heemlech Atmosphär beim Concert ze schafen. Den Erléis vun all dësen Aktivitéiten war bestëmmt fir eng Initiativ, déi Mënsche begleet déi eng ganz aner Keelt a Misär an hirem Liewen erlidden hunn, d‘Flüchtlingen. Zanter 2015 bitt d’Lëtzebuerger Kierch mam Projet „Reech eng Hand“ op verschiddene Plazen am Land Hëllef fir dës Flüchtlingen un. Den Haaptakzent gëtt dobäi op d’Integratioun um lokale Plang geluecht. Dat heescht konkret zum Beispill Sproochecoursen, Hausaufgabenhëllef fir d’Kanner, administrativ Hëllef bei der Sich no Wunneng an Aarbecht. D’Integratioun geschitt och duerch bestëmmte Projeten, sportlech Aktivitéiten, Begéinung mat de Leit aus dem Duerf oder Quartier beim Kachen, bei Fester, beim Bastelen, bei kulturelle Visitten. An deene lokalen Ekippen si vill benevol Mataarbechter aktiv, awer si brauchen och materiell Ënnerstëtzung fir hir Aktivitéiten kënnen auszeféiren. De Scheck vun 10 000€ dee viru kuerzem der Haaptverantwortlecher vu „Reech eng Hand“, dem Marie-Christine Ries, iwwerrecht ass ginn, soll dës wäertvoll Aarbecht e Stéck Wees ënnerstëtzen an ofsécheren. D’Marie-Christine Ries huet de Vertrieder vun den engagéierte Veräiner e flotte Réckbléck ginn vun den Aktivitéiten, déi bis elo op lokalem Plang zu Lëtzebuerg geschitt sinn, an déi nach weider organiséiert ginn.

Jeanne Meyers-Kaysen