3 Nei Publikatiounen vum Comité Alstad


De Comité Alstad proposéiert 3 flott Cadeau'en fir d'Feierdeeg !


En Dënschdeg den Owend huet de President Jean-Mathias Goerens zesummen mat den Auteuren, dem Manou Schortgen vun den Editions Schortgen an den Comités-Memberen vum Comité Alstad 3 nei Editiounen, als ideal Cadeau‘en fir déi kommend Feierdeeg viirgestallt.

-„Kultur und Gesellschaft in der Bundesfestung und Stadt Luxemburg (1815-1914) “ ass den Titel vun enger neier Publikatioun vum Guy May, Member vum Comité Alstad, déi de Comité Alstad zesumme mam Verlag Schortgen realiséiert huet. D’Buch, am Format 170 x 235 mm, ass an däitscher Sprooch a stellt op 128 Säite d’Situatioun zu Lëtzebuerg nom Wiener Kongress, de Rôle vun der preisescher Garnisoun am kulturellen a gesellschaftleche Liewen, d’kulturell Veräiner, déi an deenen 100 Joer entstan sinn, awer och d’Musek an den Theater am Alldag, d’Molerei, d’Literatur an d’Gesellegkeet, Lëtzebuerg, eng oppe Stad an Ee Land – dräi «Nationalhymnen» an deenen eenzelnen räich illustréierten Kapitelen viir.

-Panorama « Krautmaart ëm 1650 ». De Versuch vun enger Rekonstruktioun vum „Neie Maart“ ëm 1650 kann een an engem ronne Sall vum Stater Geschichtsmusée bewonneren. Dëse 17 Meter laange Panorama gouf am Joer 2006 réaliséiert vum Antoine Fontaine a sengem Assistent Fréderic Heurlier mat der Ënnerstëtzung vun den «Amis des Musées d’histoire et d’art Luxembourg». De Comité Alstad an Zesummenaarbecht mam Stater Geschichtsmusée huet dëse Panorama elo als Facsimilé-Konschtdrock am Format 42,2 cm x 15,27 cm, erausgin.

-De Groussherzogleche Palais als Puzzle , fir Grouss a Kleng, ass déi 3. Neiviirstellung, déi de Comité Alstad an Zesummenaarbecht mat den Éditions Schortgen elo erausgëtt. D’Foto fir de Puzzle ( 1000 eenzel Stécker - Format 48 cm x 68 cm ) ass vum Carlo Hommel an eng kuerz Beschreiwung a verschiddene Sproochen vum Isabelle Yegles, allen zwee Memberen vum Comité Alstad.

Bestelle kann een déi 3 schéin Cadeau’en fir d’Feierdeeg beim Comité Alstad duerch Iwwerweisen op ee vun de Konten bei der Spuerkees N° LU64 0019 1755 0897 0000, um Postscheck N° LU02 1111 0080 8736 0000 oder bei der BGL-BNP Paribas N° LU19 0030 7564 6694 0000.

- Buch „ Kultur und Gesellschaft in der Bundesfestung und Stadt Luxemburg (1815-
1914)“ - Präis : 29,50 € - Vermierk : Buch vum Guy May ;
- Facsimilé „“ Le Marché-aux-Herbes vers 1650 “ - Präis : 15 € -
Vermierk : Panorama Krautmaart 1650 ;
- Puzzle vum Palais - Präis : 15 € - Vermierk : Puzzle Palais .

Ofhuele kann een säi bestallten a bezuelten Artikel vu Méindes, den 2. bis Freides, de 6. Dezember 2013 am Büro vum Comité Alstad op N°1 an der Logegaass (2. Stack) um Fëschmaart, all Dag op vun 09:00 -13:00 Auer. Wann een sech de bestallten a bezuelten Artikel léiwer mat der Post wëllt schécken lossen, da kommen 3,00 € Porto dobäi.

Et fënnt een d’Buch och an all Bicherbuttek.
De Comité Alstad wëllt awer och elo schon drop opmierksam maachen, datt am Kader vum „ 7. Aulebäckermaart „ Sonndës Mëttes, den 1. Juni 2014 am „ Schoulbierg“ ( Place Clairefontaine ) an der Stad e grousse Puzzle-Concours organiséirt gëtt, wou jidderee ka matmaachen ( Reglement a Konditiounen kritt een beim Comité Alstad , Telefon : 46 61 88, Fax : 40 97 50 , E-Mail : comite.alstad@pt.lu .