Fraen a Mammen Colmar- Bierg hu gespend

2 000 Euro Scheck fir Wonschkutsch iwerreecht

Colmar- Bierg: Viru kuurzem huet d‘ACFL Sektioun vun de Fraen a Mammen Colmar- Bierg hier 27. Generalversammlung ofgehaalen an zugläich Bilanz iwert engt ganztz aktivt d’Joer gezunn. No hiren Wëllkommensgréiss a Wierder vu Merci vun der Presidentin Léa Arendt- Mangen un de Comité fir hirt Engagement a fir Alles wat am läschte Joer geleescht gouf, ass och un di verstuerwe Memberen vun der Sektioun geduecht gin. Den Tätigkeetsbericht huet bewisen, dat die Colmer Sektioun bei villen Aktivitéiten iwert dat ganzt Joer gefuerdert war. Dorënner waren ënnert anerem den Télévie- Dag zu Mäerzeg, Familljefest am Park, Ausfluch an Phantasialand, Tendances Jardins, Kanner- a Familienhëllef fir Rumänien. Fir dest Joer si folgend Aktivitéiten virgesin: Fréijoersdeko (am Mee), FAmilljest ((16.Juli), traditionellen Summerausflug an Phantasialand (Enn Juli), Tendances jardins (15. bis den 17. September), Afterwork (03. November) an Gestalten vun den Adventskränz (28. November) niewt der Aktioun Liewensmëttelpäck fir Rumänien. Aus dem Keesebericht vum Rina Origer gung hervier, dat d’Fraen a Mammen Colmar- Bierg, finanziell nach gut opgestallt sin. Als ganz exakt hun di zwee Keesserevisoren Andrea Jung- Ferber an Annemarie Lanckohr-Melkert di gut Buchführung bestätigt. Am Numm vun der Gemengeverwaltung huet d’Isabelle Wickler dat fräiwëllegt Engagement vun der ACFL- Sektioun vu Colmar- Bierg ganz besonnesch geluewt déi mat hiren Aktivitéiten zum festen Bestanddeel vun der Gemeng Colmar- Bierg gehéieren. Als Vertriederin vun der „Equipe Pastorale“, huet d’Véronique Feller den Zesummeschloss vun denen eenzelnen Sektioun erklärt déi an Zukunft ënnert dem Numm „Paren Dikrich- Ettelbréck“ virugefouert gin. Zum Schluss vun der Versammlung huet de Carlo an d’Sylvie Birscheidt e Scheck vun 2 000 Euro, verbonnen mat hirem grousse Merci iwerreecht kritt, den der Vereenegung „Wonschkutsch“ zugut kënnt. Desweideren goufen 1 000 Euro fir d’Erbebenopfer vun der Türkey a Syrien iwerwissen. De Comité setzt sech zesummen aus: Léa Arendt- Mangen (Presidentin a Sekretärin), Virgine Torres- Schwinn (Keeseverwalterin); Bäisitzend Mitglieder sin: Pascale Lentz- Choinier, Rina Origer an Sylvie Reding- Louis. (CR).