Assemblée générale vun den Amis de la Cervoise asbl


Leschte Freideg war zu Éiter am Centre Culturel déi 17. Generalversammlung vun den “Amis de la Cervoise asbl”. Virun engem gudde gefëllte Sall huet de President Luc Donckel de Buergermeeschter an d‘Vertrieder vum Gemengerot, de Buergermeeschter aus der Nopeschgemeng, d’Kollegen vum Sammlerclub, an all Memberen a Frënn vum Veräin wëllkomm geheescht.
Et haate sech verschidde Leit entschëllege gelooss, wéinst anere Verpflichtungen.
Et war fir de Veräin een duerchwuessend Joer, mat Héichten an Déiwten.
De Sekretär hat virun der GV démissionnéiert, sou dat den Aktivitéitsbericht a geraffter Form, vum Luc Donckel virgedro ginn ass.
Et waren am Laaf vum Joer 8 Comitéssitzungen, 7 Brauechten a 6 Tastingen. Et war ee Béierfest, zesumme mat e puer Hobbybrauer.
Fir d’BD-Fest war een Extra-Béier gebraut ginn, dékoréiert mat enger spezieller Etikett.
Een Ausfluch war leider an d’Waasser gefall. Soss waren keng speziell Aktivitéiten.
De Keessier Laurent Donckel huet de Rapport virgedroen. deen ee liichte Benefice ze verzeechnen haat. Fir d’Joer 2016 ass d’Cotisatioun ob 10 € fixéiert gin, wéi beschloss an der läschter GV.
D‘Béierfest huet een anstännge Bénéfice erabruecht, bedéngt duerch d ‘Mëttegiessen, waat ee grousse Succès haat an och dest Joer beim Béierfest erem waert zervéiert gin.
Duerch eng nawell gudd Keess kennt de Projet vun enger eegener Brauanlag also méi no.
De Keesserevisor huet eng exakt Keesseféierung bestätegt sou dat de Keessier Entlaaschtung kritt huet vun der Assemblée.
Well ee vun de Keesserevisore sech zréck gezunn haat, ass den Ersatz vun der Assemblée bestätegt gin, sou dat erëm 2 Keesserevisoren am Amt sin fir daat nächst Joer (Camille Capus an Xavier Schmit).
Duerno stongen Wahlen fir de Comité un, bedéngt duerch e puer Démissiounen. Démissionär waren Reicher Roland, Jemp Di Genova, Francis Err a Laurent Donckel. Si kruten alleguer Merci gesoot, fir déi vill Arbecht am Déngscht vum Veräin. Well net genuch Kandidaturen fir déi fräi Posten eragaang waren, ass et net zu Wahlen komm.
Am Komité bleiwen : Carel Hermann, Romain Reuland, Luc Donckel, Aly Koerner a Jemming Patrick Een Neizougank an der Persoun vum Jacques Zans ass vun der Assemblée eestëmmeg ugeholl gin. Am Comité bleiwen awer, laut Statuten, nach 3 Plazen ze besetzen. Des Plaze kennen am Laaf vum Joer duerch Kooptéieren besat gin a mussen dann vun der nächster GV bestätegt ginn.
D’Chargen gin an enger éischter Réunioun vum Comité fixéiert.
Fir de Programm 2016 gin et nach e puer Probleemer mat dem Benotzen vum Centre Culturel, bedéngt duerch spéit Erareechen vun Datumer. Déi definitiv Datumer waerten esou schnell wéi méiglech um Internet publizéiert gin an d’Membren kréien se zougeschéckt.

Duerno ass méi am Detail iwert eng gréisser Manifestatioun vun der Gemeng geschwaat gin.
D’Gemeng Contern ass nämlech ee vun de 4 Centres de promesse vum TELEVIE 2016 den 23 Abrëll 2016. Les Amis de la Cervoise maache mat duerch Brauen a Verkaaf vun engem Spezial - Béier.
D’Béierfest 2016 fennt erëm statt, den 11. Juni, dest Joer zesumme mat der Sammlerbourse, organiséiert vum Sammlerclub. Et sin nach verschidden organisatoresch Detailer ze regelen, wéi d’Iessen, d’Musek, d’Animatioun.
De Probleem vun engem definitive Veräinslokal steet nach ëmmer am Raum.
Virun der fräier Aussprooch huet de Buergermeeschter Fernand Schiltz d’Wuert ergraff. Hien huet d’Leit begréisst, besonnesch d’Membren vum Gemengeroot an och de Buergermeeschter vun der Nooppeschgemeng. Hien huet begréisst, dat d’Veräiner aus der Gemeng alleguer an irgendenger Form beim TELEVIE matmaachen, also och Les Amis de la Cervoise. Dobei huet hien betount, dat den Organisatiounscomité TELEVIE géng beim Brauen vum Spezial – Béier mat upaken. En huet awer och de Membres sortants vum Comité ee grousse Merci gesot, fir déi geleeschten Aarbecht.
Daat neit Clublokal waert an d’Veräinshaus vun Éiter, just vis-à-vis vum Centre Culturel, intégréiert gin, eventuell mat engem klenge Béiergaart. D’Gemeng waer an der Phase vun engem éischten definitive Projet, wou “Sites et Monuments” natierlech hiert Wuert matzerieden hun. Deemnächst waert eng Entrevue sin mat deene Konzernéierten, woubäi konkret Detailer dono kennen matgedeelt gin.
D’Gemeng ass ëmmer bereet, fir de Veräin mat alle Mettelen ze ënnerstëtzen, an huet och ëmmer een oppent Ouer.
Nodeems kee méi eppes gefrot huet, huet de Président d’Versammlung zougemaach, an alle Leit ee gudden Appetit gewënscht an ee schéinen Owend.