Béierfest an Tauschbourse 2014 vun den Amis de la Cervoise zu Moutfort

Béierfest an International Tauschbourse zu Moutfort 2014 vun den Amis de la Cervoise zu Moutfort :
Dest Joer huet daat 9. Béierfest stattfonnt vun den Amis de la Cervoise, kombinéiert mat der 4. Internationaler Tauschbourse fir Brauereiartikelen, organiséiert zesumme mam SVBL (Letzebuerger Sammlerclub vu Brauereiartikelen).
Bei allerschéinstem Summerwieder ass moies fréi d’Gewulls an a ronderem de Centre Culturel zu Moutfort lass gaang, well déi international Sammler wollten alleguer déi bescht Plazen erwëschen, fir hir wertvoll Schätz auszestellen. Aus allen Häre Länner ware se ugereest, an déi ennerschiddlechst Sproochen konnt een héieren, ugefaang natirlech bei eise Nopeschlänner : Belsch, Frankräich an Däitschland, Holland, Schwäiz, England, Irland, d’Tchechech Republik, Polen, Spuenien, Italien, fir der nëmmen e puer opzezielen.
Pünktlech um 9:00 Auer moies hun d’Kollegen vum Sammlerclub SVBL d’Diren vum Centre Culturel obgespaart, nodeems déi Auslännesch Gäscht scho mat Kaffi, Bréidercher a Croissanten verpflegt gi waren.
De Président Luc Donckel an de Buergermeeschter Guy Lorent hun déi auslännesch Gäscht begréisst, an domat war déi 4. International Tauschbourse dann offiziell op.
Bis an den Nometteg eran sinn Visiteuren a Sammler lanscht déi vill Stänn gezunn. Raritéiten sinn iwert d’Dëscher gaang, an et huet een nëmmen zefridde Gesiichter begéint.
Vu Béierdeckelen, iwer Glieser, Béierbéchsen, Béierfläschen bis Fäasser ass praktesch alles ausgestallt ginn.
Natirlech war de Comptoir och schon op, sou dat ee richtege Sammler och konnt e gudde Patt schmaachen. Verschidde Gäscht hun och vun daer Geleenheet profitéiert, sou dat den Zapmeeschter a seng Equipe scho moies genuch ze din haaten.
Géint 11 Auer ass de Grill opgaang, an ee gudde Geroch vun Grillspezialitéiten ass duerch d’Loft gezunn. D’Auswiel war grouss : traditionnell Béierkoteletten, Hamburger, “Moutforter”, Flieten a Fritten waren op der Menuskaart.
Fir déi schnekeg hun d’Dammen Eisekuchen gebaak, natirlech mat Klappschmant.
Em d’Mettesstonn ass d’Schlaang beim Grillstand ëmmer mi laang ginn, an d’Leit hun op der Terrasse an der Sonn d’Mettegiessen genoss, zesumme mat engem kille Béierchen aus der grousser Auswiel : emmerhin haate mer 9 Letzebuerger Béierzorten um Faass an der Auswiel. Fir d’Dammen war och eng Kippchen Crémant virgesinn.
Déi Klengst konnte sech am Sprangschlass ameséieren oder op der grousser Spillplaz hannert dem Centre Culturel.
Nodeems och déi allerlescht Sammler hir Saachen agepak haaten, ass de Centre Culturel emgebaut ginn an d’Bühn ass ageriicht ginn fir de Konzert vun der Harmonie Moutfort – Méidéng.
Och war den Orchester LOS FIGAROS mat Zäit agetraff, fir opzeriichten an ee kuerzen Soundcheck ze maachen.
D’Moutforter Musek huet ee schmassege Konzert offréiert an de grousse Sall huet sech lues a lues erem gefëllt.
Wéinst den agreablen Temperaturen ass de Béier nawell gudd gelaaf op deenen eenzelnen Zapanlagen. An och de Grill huet géint den Owend gudde Succès gehaat, well Iessen an Drénken ass bekanntlech nach emmer eng vum Letzebuerger senge léiwste Beschäftegungen.
Natirlech waren d’Sportinteresséiert och net vergiess, well op Groussen Ecran ass den Tour de Suisse am Velo an d’Fussball – WM a Brasilien live iwerdroe ginn.
Géint 20 Auer hun LOS FIGAROS déi Danzbegeeschtert op d’Piste invitéiert a Stëmmung gemaach bis spéit an d’Nuecht.
Géint 2 Auer an der Nuecht, nodeems daat läscht Glas eweg geraumt war an de Sall eidel ginn ass, war jiddereen sech eens : Rendez-Vous den 2. Samschdeg am Juni 2015, fir déi 10. Editioun vum Béierfest vun den Amis de la Cervoise, dann mat der 3. Béierolympiade.
Merci un all déi, déi virdrun, während an nom Fest eng Hand ugepak hunn an un all Visiteuren vun no a wäit, déi de Wee op Moutfort fonnt haaten.