Assmblée générale "Les Amis de la Cervoise asbl" den 28.2.2014


Generalversammlung 2013 vun “Les Amis de la Cervoise asbl” zu
Éiter, den 28. Februar 2014.
Leschte Freideg war zu Éiter am Centre Culturel déi statutaresch Generalversammlung vun den “Amis de la Cervoise asbl”. Virun engem gudde gefëllte Sall huet de President Luc Donckel d’Vertrieder vum Schäffen – a Gemengerot begréisst, an all Memberen a Frënn vum Veräin wëllkomm geheescht.
Als éischt ass un déi verstuerwen Memberen vum vergaangene Joer erënnert ginn, dobäi huet hien besonnesch de Guy Jung, aktiven Member, ernimmt, deen réischt kierzlech verstuerwen ass.
An dem Aktivitéitsbericht, virgedroen vum Sekretär Rol Reicher, stin 28 Aktivitéiten vum Joer 2013. Et gouf 8 mol Béier gebraut, an et waren 6 Dégustationsowender, déi an der Moyenne vun 25 – 40 Memberen besicht waren. De Comité ass 5 x zesumme komm. Déi gréisst Aktivitéit war wéi an deene vergaangene Joeren d’Béierfest, am Juni, mat der 2. Béierolympiade. Des kulturell Manifestatioun ass mëttlerweil ee feste Rendezvous am Kalenner, an bekannt bis wäit iwwert d’Grenzen vun der Gemeng. Am Joer 2013 wäerten eng 600 Visiteuren um Béierfest gewiescht sinn.
Dono war et um Keessier Laurent Donckel, fir eng gesond Finanzsituatioun vum Veräin duerzestellen. De Wonsch ass et, fir iergendwann eng eegen Brau Anlag unzeschafen. Dofir mussen awer nach e puer Fester organiséiert ginn. Am deem Kontext ass och nach eng Kéier de Problem vun engem eegene Clublokal ugeschwat ginn, de President huet dëst Thema op d ‘fräi Aussprooch verluegt.
D ‘Keessereviseuren, vertrueden duerch de Camille Capus, (den Alain Di Genova war entschëllegt), hunn eng perfekt Keesseféierung bestätegt, sou dat d ‘Assemblée dem Keessier Décharge ginn huet.
Och de Comité krut Décharge an ass an senger aktueller Zesummesetzung bestätegt ginn. Den Aly Koerner ass nei opgeholl ginn an de Comité, de Xavier Schmit huet seng Kandidatur gestallt fir zousätzleche Keesserevisor an ass vun der Assemblée bestätegt ginn.
De Comité setzt sech zesummen aus : Luc Donckel, President, Jemp Di Genova, Vizepresident, Rol Reicher, Sekretär, Laurent Donckel, Keessier, Heng Meyers, Braumeeschter, Romain Reuland, Ersatz-Braumeeschter a Keellermeeschter, Carel Hermann, Gestion Material, Francis Err, Webmaster, Patrick Jemming, Relations publiques an Aly Koerner (neie Comitésmember), Fotograf vun den Aktivitéiten.
Als Keesserevisoren bleiwen am Amt : Camille Capus an Alain Di Genova an Xavier Schmit, Keesserevisor suppléant.
Am Programm fir d’Joer 2014 steet un éischter Plaz natierlech d’Béierfest, den 14. Juni, verbonn mat der internationaler Tauschbörse, déi mëttlerweil weltwäit bekannt ass, an Sammler vun alle Länner op Mutfert unzitt. No dem Festival de la Bande Dessinée ass d’Béierfest mat Sécherheet déi 2. gréisst kulturell Manifestatioun an der Gemeng.
Den 1. Schäffen Fernand Schiltz huet am Numm vum Schäffen- a Gemengerot de Veräin gelueft fir déi gudd Zesummenaarbecht mat der Gemeng an déi vill kulturell Aktivitéiten iwwert dat vergaangent Joer. Am Schäfferot wäert deemnächst de Problem vun engem eegene Clublokal ugeschwat ginn an da wäert de Comité mat dem Schäfferot zesumme kommen, fir eng Léisung ze fannen. Och huet en déi néideg finanziell a logistesch Ënnerstëtzung vun de Gemengenservicer versprach bei der Organisatioun vum Béierfest.
Bei der fräier Aussprooch ass nach de Projet virgestallt ginn vun Jacketten mat dem Logo vum Veräin, déi d’Memberen kënne géint ee Beitrag vun 40 € kafen.
Och gouf proposéiert fir eventuell eng Erhéijung vun der Cotisatioun, déi momentan op 5 € / Joer läit an d’Aen ze faassen. Dëst gëtt op déi nächst Generalversammlung verluegt an ofgestëmmt.
Am Joer 2014 waert een Ausfluch organiséiert ginn fir d’Membren, mat Visite vun enger Brauerei.
De President huet als Schlusswuert nach eng Kéier jidderengem Merci gesot, deen am vergaangene Joer fir de Veräin an iergendenger Form geschafft huet an en huet opgeruff och fir dëst Joer erëm prett ze sinn, fir bei Bedarf eng Hand mat unzepaken.
Bei Ham, Fritten an Zalot an engem gudde Fuesbéier ass dee gemittlechen Deel vum Owend agelaut ginn.