Laachmuskeltraining zu Conter

Club des Jeunes suergt mat Koméidistéck fir bescht Ënnerhalung

Ufanks Februar war an der Aler Hal zu Conter e puer Owenter hannerenee grousst Gelaachs ze héieren. Responsabel fir déi gutt Stëmmung war de Club des Jeunes, deen dem Public mat sengem Stéck „Dem Maître Dupont säin Testament“ richteg Laachkrämpche beschert huet.

Dat Koméidistéck vum Heinz-Jürgen Köhler, dat am Original „Der verfluchte Baron“ heescht, gouf vum Club des Jeunes — ënnert der Regie vum Simone Schroeder — net nëmmen op Lëtzebuergesch iwwersat, mee och d’Handlung gouf op Lëtzebuerg verluecht.
E räiche Conterer Bierger, de Maître Dupont, huet duerch seng genealogesch Recherchen erausfonnt, datt all seng Virfueren an engem Alter gestuerwe sinn, bei deem d’Querzomm 8 ergëtt. Fir den hypochondresche Maître ass kloer: Dat ass e Fluch – a mat sengen 53 Joer steet säin Enn direkt virun der Dier. Fir sech nach séier eng Plaz am Himmel ze sécheren, wëll hie säi Verméigen der Kierch vermaachen – an net senger Cousine a senge Mataarbechter, wéi eigentlech geplangt.
Domat léist hien e richtege Wettlaf aus, bei deem de Paschtouer, d’Haushälterin, de Gäertner an d’Cousine mat hirem Amant sech a Kreativitéit iwwerbidden, fir un d’Sue vum Maître ze kommen. An da komme mam aarbechtslose Comptabel an der Feng-Shui-Beroderin nach zwee weider witzeg Personnagen dobäi, déi dat lëschtegt Duerchernee perfekt maachen.

All Acteuren op der Bün hunn eng grouss, maträissend Spillfreed gewisen. Besonnesch wéi de Comptabel, verkleet als Infirmière, op sengen héije Schong iwwer d’Bün gestolpert ass a mat verstallter Stëmm deklaméiert huet, hunn d’Leit sech vu Laachen de Bauch gehalen.

Bref: E puer richteg flott Theaterowenter zu Conter, wou net nëmme fir d’Laachen, mee och fir Gedrénks an Iesse beschtens gesuergt war.