Amusant Geeschterstonn am Nomëtteg

Schëtter Theaterfrënn begeeschteren de Public mat neiem Stéck


De Centre Culturel zu Mënsbech war e Sonndeg de Mëtteg erëm gutt besicht. D’Schëtter Theaterfrënn haten nämlech zum zweete Mol zu enger virgezunner Geeschterstonn invitéiert – enger „Wäigeeschterstonn“, fir et genee ze soen.


De lëschtegen Dräiakter, no enger Iddi vum René Muller, huet dem Public zwou Stonne bescht Ënnerhalung gebueden:
Zwee Wënzerbridder, déi heiansdo e bëssen ze déif an d’Glas kucken, ee Prisonéier, deen entlafen ass, ee Paschtouer an eng virwëtzeg Nopesch sinn nëmmen e puer vun de Personnagen an dësem flott virgedroe Schwank. An dobäi kommen natierlech nach d’Wäigeeschter.


De groussen Ensembel huet d’Zuschauer mat vill Situatiounskomik a Wuertwitz bis zum Enn matgerass — an de Public huet sech mat kräftegem Bäifall bedankt.


D’Soirée gouf bei Gedrénks a Kuch ofgeronnt, begleet vun enger Tombola mat ville flotte Präisser.