Cäcilienfeier 2010 vun der Duelemer an Trëntenger Musek

E Sonnden, den 21. November 2010, war et eng Première vun der Cäcilienfeier. Dëst Joër hun d’Duelemer an d’Trëntenger Musek sech zesummenfonnt, fir dësen besonnegen Dag zesummen zu Duelem am Centre Culturel ze feieren. Den Dag stoung ënnert dem Patronnage vun deenen 3 Museksschoulen aus de Gemengen Bous, Duelem an Waldbriedemes, sou wéi der Musekschoul vun der UGDA.

D’Feier huet mam Stéck „Christmas Swing“ , gespillt vun denen zwou Museken, ënnert der Leedung vum Frank Wildner an mat gudd 60 Musikanten um Pult, ugefang. Duerno ass dat bekannten Lidd vum Michael Jackson „We are the world“ gespillt gin. D’Solfègekanner aus den Gemengen Bous, Duelem an Waldbriedemes hun bei dësem Stéck mat enger Gesangseinlag d’Publikum begeeschtert.
Duerno war d’Schülerauditioun, vun all den Instrumentenschüler aus den 3 Gemengen, wou si gewisen hun, wat se kënnen.

No der Auditioun war d’Diplom- an Medailleniwwerreeschung, wou d’Buergermeechtesch an d’Buergermeeschteren aus den 3 Gemengen zesummen mam President vun der UGDA, dem Louis Karmeyer, d’Diplomer an d’Medaillen un verdéngschtvoll Schüler sou wéi d‘Musikanten konnten iwerreeschen. Eng besonneg Medaille ass un den laangjähregen President vun der Trëntenger Musek, de Jean Thurmes gaangen, fir 50 Joër am Déngscht vun der Trëntenger Musek ze sin.

Zum Schluss vun der Feier huet d’Gemeng Duelem nach op en Éirenpatt an d’Gemengenhaus invitéiert.