Generalversammlung vun der Trëntenger Musek a.s.b.l.

De President Jean Thurmes huet a senger Usproch de Musikanten, de Comitésmember,
den Marscheuren an dem Chef villmools Merci gesot. E grousse Merci fir déi finanziell a moralesch Ënnerstëtzung, adresséiert hien un d’Gemengevertrieder vun Bous an Waldbriedemes.
No enger Gedenkminutt u verstuerwen Memberen während dem leschten Joer, huet den
President déi extraordinär Generalversammlung opgemaach. Hei goung et ëm eng Modifikatioun vun den Statuten, wou den „siège social“ geännert soll ginn. Dës Artikelännerung ass vum Sekretär Marc Schumacher erklärt ginn, an ass dunn 1-stëmmeg vun der Generalversammlung ugeholl ginn.

Nodeems den President déi extraordinär Generalversammlung zougemaach huet, ass et
mat der ordinärer Generalversammlung weider gaang. Den Sekretär Marc Schumacher huet den
Aktivitéitsbericht vum Joer 2012 virgedroen. Aus dem Rapport war eraus
ze héieren dat net manner wéi 4 Concerten gespillt an 10 Cortègen an Sortien musikalesch encadréiert goufen. Niewenbei stoungen och nach 9 grouss Manifestatiounen, wéi Fuesend backen, Fuesrevue, Kiischtenfest, Prouwenstagen an eng Musicalrees op Bochum um Programm.
Den Jean Thurmes huet uschléissend den Trëntenger Kischtentrëppler hier Kilometerleeschtungen opgezielt, wou den Här Georges Gaul mat 1350km un der Spëtz loung.

Den Keessier Fernand Hoss huet de Bericht vun den Recetten an
Depensen ausféierlech virgedroen, an konnt dëst Joer en Benefice erfierhiewen.

Am Numm vun den Keesserevisoren, huet den Armand Becker dem
Fernand villmools Merci gesot fir déi gudd Aarbecht déi hien mécht. Hien huet
d’Generalversammlung gebieden dem Fernand d’Decharge zeginn.
D’Martine Schumacher an den Armand Becker hunn sech nees bereet erklärt d’Charge
als Keesserevisor fir en weider Joer ze maachen, wat 1-stëmmeg vun der Generalversammlung ugeholl gouf.

Nodeems sämtlech Rapporten vun der Generalversammlung eestëmmeg ugeholl goufen,
stoung d‘Neiwiel vun engem Deel vum Comité op der Dagesuerdnung wou den Fernand Hoss an den Jouko Menger austriedend an nees nei wielbar waren. Béid Kandidaten haten hier Kandidatur nees fristgerecht gestallt. Et loung keng aner Kandidatur fir, sou dass d’Generalversammlung eestëmmeg fir déi 2 gestëmmt huet, an domatten rëm an de Comité geholl huet.
Den Comité fir d’Joer 2013 setzt sech zesummen:
President: Jean Thurmes
Vice-President : Lucie Raach
Secretär: Marc Schumacher
Secretär-adjoint : Jessica Lauer
Keessier: Fernand Hoss
Memberen: Mariette Hemmen, Jouko Menger, Deike Wolter, Marina Wolter

E gefëllten Programm fir d’Joer 2013 gouf vum Sekretär Marc Schumacher virgestallt.
Grouss Manifestatiounen fir d’Joer 2013 sinn den 2. Februar Fueskichelcher baken, 2. an 3. Mäerz Fuesrevue, 18. Mee Galaconcert, 7. Juli Kiischtenfest, 15. Dezember Chrëschtconcert an nach wieder vill Manifestatiounen.

Duerno huet den President d’Wuert virun ginn un eisen Dirigent an un
d’Buergermeeschteren vun de Gemengen Bous an Waldbriedemes.

Den Jos Johanns sot der Trëntenger Musek villmools Merci fir hiren Asaatz an huet déi
gudd Zesummenaarbecht tëschent der Musek an der Gemeng Bous betount, an huet gesot, dass d’Musek ëmmer op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng Bous kann zielen.

Den Louis Oberhag, Buergermeeschter vun der Gemeng Waldbriedemes, seet der Musek
och villmools Merci fir déi vill Aarbecht, déi sie an der Gemeng leescht. Et ass gudd dat d’Musek esou vill jonk Musikanten huet an dat esou d’Zukunft fir d’Trëntenger Musek gesëchert ass. Betount huet hien och déi gudd Kommunikatioun vum Comité mat der Gemeng.

De Sam Koob freet et mat der Trëntenger Musek an och mam Comité ze schaffen.
Him mëcht et vill Spaass Dirigent an der Trëntenger Musek ze sin, an freet sech op déi nächst Concert’en an Manifestatiounen déi um Programm stinn.

D’Michèle Hemmen, laangjäreg Musikantin krut dunn nach vum Buergermeeschter eng
nei Flute iwwerreecht, déi d’Gemeng Waldbriedemes der Trëntenger Musek gestëfft huet.

Duerno huet den President als Schlusswuert allen nach eng Kéier e groussen
Merci gesot an huet d’Versammlung opgeléist an op den Apéritif mat uschléissendem
Mëttegiessen invitéiert.