Scheckiwwerreeschung fir d’SOS Kannerduerf Miersch

En Samschdeg, den 19. März 2011 hun d’Vertrieder vun der Fanfare Duelem, den Pompjeeën Haassel/Weiler an der Trëntenger Musek en Scheck am Wert vun 1.200€ un d’SOS Kannerduerf Miersch iwerreescht. Déi Somme ass zoustanne komm, well déi zwou Muséken, lëscht Joer zesummen e Chrëschtgala organiséiert hun. D’Concert’en sin an de Gemengen Duelem, Trënteng, an Weiler gespillt gin, wou nom Concert eng Quête fir d’SOS Kannerduerf Miersch gemaach gouf. De Vertrieder vun de Veräiner ass déi ganz Institutioun virgestallt an gewisen gin, an no dësem interessantem Ableck war et de Vertrieder schnell bewosst, dat déi Suen richteg agesat sin. Kannerduerf Miersch leescht eng immens wichteg a gudd Aarbecht, an déi 3 Veräiner si frou, dass si sech entscheed haaten, d’Suen heihinner ze spenden.