Cantemus a capella

15
Mar
15 Mar

D’Maîtrise aus der Kathedral presentéiert mat CANTEMUS A CAPELLA e beandrockende Programm mat sakraler Chouermusek, ganz ouni Instrumenter.

Mat grousser stilistescher, epochaler an textlecher Diversitéit, erliewe mir ee Concert mat Chouermusek a senger rengster Form.


De Félix Mendelssohn Bartholdy an de Josef Rheinberger sti fir de romantesche Räichtum vu Kläng aus dem 19. Joerhonnert, wärend den John Rutter an de Rihards Dubra mat schwiewenden Harmonien a moderner Tounsprooch dat Spirituellt an d’Géigewaart bréngen.


Vun däitscher Romantik, iwwer brittesch Eleganz bis hin zu baltescher Mystik.

E Concert mat Klang, Faarf an Intensitéit. „Wenn nur die Stimme bleibt, spricht die Musik am tiefsten.“ www.maitrise.lu


Entrée : 25€/ 15€ <25 Joer / Gratis <12 Joer / Kulturpass

FREESEATING / Reservatioun : 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com

www.sbd.lu