Petite Messe Solennelle - G. Rossini

18
Apr
18 Apr

SAMSCHDEG 18.04.2026 um 20 Auer – PARKIERCH DIKRECH

Ensemble Vocal Cantica Diekrich

Concert: PETITE MESSE SOLENNELLE (G. Rossini)


“Petite”...sécher net. Nieft dem Stabat Mater dem Rossini säi gréisst sakraalt Wierk.


Gaby Wolter-Boever, Sopran. Myriam Pütz-Weisgerber, Alt.

Marc Dostert, Tenor. Manfred Logeling, Bass.

Alain Pütz, Piano. Jonah Pütz, Harmonium.

Jean-Paul Majerus, Direktioun.


Dem Rossini seng Petite Messe Solennelle gouf zu Passy, enger klenger Uertschaft

bei Paräis komponéiert an zielt zum Rossini senge leschte Wierker, déi hie selwer

als “péché de vieillesse” bezeechent huet.

Mat 71 Joer kënnt den Operemeeschter iwwerraschend bei d’Kierchemusek zeréck a

komponéiert eng Mass, déi wéi keng aner, Melodien an Harmonie aus der

italieenescher Oper, zesumme mat Kontrapunkt à la Bach verbënnt.

Déi éischt, an dem Rossini seng léifst Versioun vun der Petite Messe Solennelle ass fir

Piano an Harmonium. Spéider huet de Rossini en zweete Piano derbäi komponéiert,

ier hien dann op Wonsch eng Orchesterversioun geschriwwen huet.

An dëser Opféierung héiere mir déi éischt Versioun. D’Petite Messe Solennelle, e

Chef-d’œuvre mat grousser Spiritualitéit a musikalescher Originalitéit, sou wéi de

Rossini selwer sot: “Est-ce de la musique sacrée que je viens de faire ou de la

sacrée musique?”www.cantica.lu

Weider Informatiounen op : www.sbd.lu


Entrée : 25€/ 15€ <25 Joer / Gratis <12 Joer / Kulturpass

FREESEATING / Reservatioun ab dem 01.04.2026 /: 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com