150. Generalversammlung

Dëser Deeg hu sech d'Membere vun der Philharmonie Municipale Diekirch (PMD) getraff fir hier alljäerlech Generalversammlung ofzehalen. Bei dëser Geleeënheet konnt op eng Reih flott Aktivitéiten aus der vergaangener Saison zeréckgekuckt ginn. Virun allem awer kuckt een zu Dikrich mat vill Freed op déi kommend 12 Méint, wou mat enger ganzer Reih speziellen Events den 150. Anniversaire vun der Dikricher Stadmusik gefeiert gëtt. Um Programm stinn nieft engem Festival mat Militär- & Police-Orchesteren den 9. & 10. Mäerz an der Aler Seeërei e grousse Concert mat Film-Projektiounen den 2. Juni an der Stater Philharmonie. Weider Detailer an de komplette Programm fannt Dir um Internet-Site www.pmd.lu.


Bei Geleeënheet vun der Generalversammlungen stoungen des weideren virun allem awer déi aktiv Memberen vun der PMD am Virdergrond. Eng Reih vun hinnen kruten dofir och Auszeechnungen:

- vun der UGDA goufen verdeelt:
 Hertz Charel, Jones Eileen
 (Insigne); Moes Christophe
 (Médaille en Bronze); Koeune Stephie, Siebenaller Suzie
 (Médaille en Argent); Braas Jang, Gilson Sonnel, Hertz Nico, Kara Mike, Nosbusch Paul, Thill Jemp, Origer Yolande
 (Médaille en Vermeil avec palmette); Gilson Pola, Schaeffer Jean-Jacques (Médaille Grand-Duc Adolphe)

- vun der PMD: Pilot Michel, Gilson Sonnel, Dondelinger Martine
 (10 Joer); Koeune Stephie
 (20 Joer); Neves Carlos (30 Joer).


Besonnesch geéiert goufen de Louis Bebing a Paul Schumacher, déi vir hier laangjäreg Verdéngschter „membres honoraires“ gewielt goufen.