D’DP Dikrich, Är Equipe fir de Wiessel

Léif Biergerinnen a Bierger vun Dikrich,
An e puer Deeg sinn d’Gemengewahlen vum 9. Oktober 2011.
D’DP Dikrich, Är Equipe fir de Wiessel
Wann Dir…
… ee Wiessel wëllt zu Dikrich,
… d’Ëmsetzung vu kohärenten an nohaltege Konzepter an der Gemengepolitik ënnerstëtzt,
… fir Transparenz, Biergerbedeelegung, Nohaltegkeet, Inklusioun a Regionalismus mat gesondem Mënscheverstand sidd,
da stëmmt déi nei jonk an dynamesch Equipe vun der DP Dikrich ënnert der Leedung vum Jean-Luc Majerus!

Eng effikass Aarbechtsgestioun: eng Virbedingung fir effikass Resultater
Mir vun der DP Dikrich wëlle mat vollem Asaz fir d’Zukunft vun eiser Stad schaffen. Am Géigesaz zu verschiddene Behaaptunge vu säite vun der chrëschtlech-sozialer Vollékspartei, datt nëmme pensionéiert Leit (an net schaffend Leit) Zäit hu fir politesch Verantwortung z‘iwwerhuelen, si mir vun der DP Dikrich der Meenung, datt d’Stäerkt vun eiser Demokratie ebe just am Zesummespill vu Leit mat verschiddene Backgrounden, aus verschiddenen Beruffssparten (och Indépendanten) an aus verschiddene Generatioune läit. D’Gemengepolitik brauch virun allem Leit, déi schaffe kënnen a gewinnt sinn sech an hirer Aarbecht alldeeglech nei beweisen ze mussen, Leit deenen hir Stäerkten an der effikasser Gestioun an am intelligentem Zäitmanagement leien. Ee groussen Zäitopwand ass kee Garant fir eng Réussite, mee eng effikass Aarbechtsgestioun ass eng Virbedingung fir effikass Resultater!
Konzeptlos Décisioune vum aktuelle Gemengerot
An der letzter Gemengerotssitzung vum 21. September 2011, huet d’CSV/déi Gréng Koalitioun eng Rei vun Décisioune geholl, déi an der Presse rapportéiert goufen, awer hire Wee net méi an déi letzt Ausgab vum Däiwelselter (N2/11) fonnt hunn. Mir als DP Dikrich kommen net derlaanscht fir e puer vun dësen Décisiounen hei kuerz ze kommentéieren:
•Et schéngt eis wéi wann den aktuelle Gemengerot hir Prioritéit virun allem op Investissementer an administrativ a kulturell Gebaier géif leeën, während fir Projeten, déi mir als DP Dikrich als prioritär emfannen, net genuch Suen do sinn (Modernisatioun vun der Foussgängerzon, Sanéierung vun der Unterführung op der Kluuster). Wann een och nach averstan ka sinn mat dem Supplément vu 670.000 Euro fir d’Muséographie vum neien Dikricher Musée, wéinst senger regionaler kultureller Attraktivitéit, dann hu mir awer absolut kee Verständnes firwat d’Gemeng wëlles huet d’Villa Conter fir deiert Geld (1,45 Milliounen Euro) opzekafen, virun allem wann ee sech nach net eens ass, wat iwwerhaapt mat der Villa geschéie soll. Nach een administrativt Gebai méi? Sou eppes bezeechne mir als irresponsabel Finanzgestioun: konzeptlos an ouni d’Folgekäschten (Renovatioun!) vu sou engem Invest ze bedenken. Dobai bräichte mir momentan hei zu Dikrich wirklech, wat d’Investissementer ugeet, eng kloer Prioritéitenuerdnung an eng verantwortungsvoll Gestioun vun de Gemengefinanzen! Datt d’Villa Conter eng historesch Bedeitung huet, bezweifelt keen, mee alleng doduerch datt een d’Villa ënner Denkmalschutz stellt, kann een se och schon effikass géint een ze groussen Aktionismus vun engem Promoteur protégéieren, an dat ouni d’Gemengefinanzen ze belaaschten. D’Idee vun der aktueller Koalitioun fir aus der Villa nach ee weidert Gebai fir d‘Gemengeverwaltung ze maachen, wann ee grad d’Laubachterrainen och zu dësem Zweck opkaaft huet, weist d’Konzeptlosegkeet an d’Inkohärenz vun der Gemengeféierung an der Hand vun der aktueller Koalitioun. Mir als DP Dikrich mengen, et hätt een d’alleréischt emol een öffentlechen Inventaire vun de Liegenschafte vun der Dikricher Gemeng misse maachen fir dann ee kohärent Konzept vun der kuerzfristeger, mëttelfristeger a laangfristeger Affektatioun vun de Gemengegebaier auszeschaffen, ier een einfach esou Steiergelder ausgëtt.
•Mir stellen des weidere fest, datt all d’Parteien, sougudd déi vun der aktueller Koalitioun, wéi och d’Sozialisten (déi aus dem alen Altersheim een Internat fir Schüler vun der Ackerbauschoul wëlle maachen) sech mat dem Projet vun enger Ackerbauschoul op dem Gilsdorfer Plateau ooffonnt hunn, während se awer nach viru kuerzem an Interviewen dëse Standuert bemängelt hunn. Mir wëllen hei ënnersträichen, datt d’DP Dikrich déi éischt an eenzeg Partei wor, déi öffentlech Stellung zu dësem Dossier geholl huet, an dat am November 2010. Mir mengen datt Dikrich nach ëmmer Spillraum huet fir de Standuert op dem Gilsdorfer Plateau ze refuséieren (Den Dossier ass nach net duerch d’Chamber!) a plaidéieren nach wie vor fir ee méi zentrale Standuert no um Eisebunnsréseau, fir datt Dikrich net am Verkéierschaos ënnergeet.
•Wat d’Affektatioun vun dem alen Altersheim ugeet, sou menge mir datt Dikrich mëttlerweil genuch Infrastrukture fir Senioren a fir d’Schoulwiese bitt. Sou proposéiere mir dëst Areal engem privaten Investisseur zur Verfügung ze stellen, deen do Wunnraum schafe soll an am Géigenzuch ënnendrënner fir ee geräumegt Parkhaus am Zentrum vun Dikrich, no un der Foussgängerzon, suerge soll. Op déi Manéier kéinte mer de Parkingsproblem zu Dikrich léisen ouni de Gemengebudget ze belaaschten.

Positiv Influenz vun der DP Dikrich op de Wahlkampf
Zu gudder Letzt si mer och ganz zefridde, feststellen ze kënnen, datt d’Wahlcampagne vun der DP Dikrich biswell scho ganz positiv Auswierkungen op de gesamte Wahlkampf vun allen Dikricher Parteien ausgeübt huet:
•D’Notioune vun Transparenz, Biergerbedeelegung an Nohaltegkeet, déi di nei DP Dikrich sech vun Ufank un zu Prinzipien vun hirer Politik gemaach huet, fanne sech an Tëschenzäit an de Wahlblieder vu sämtlechen Dikricher Parteie rëm, wobäi dës Konzepter net zu hire Stäerkten an der letzter Legislaturperiod gehéiert hunn;
•Verschidden Ideen a Virschléi vun der DP Dikrich, déi hire Wahlprogramm als eng vun denen éischte Parteien veröffentlecht huet (um Internet säit dem 21. September), schéngen och d’Texter vun der enger oder anerer Partei konstruktiv ze beaflossen…
Dat si lauter positiv Entwécklungen, déi mir begréissen, well se dem Interessi vun eiser Stad notzen a konstruktiv zu enger zukünftiger responsabler an nohalteger Gemengeféierung bäidroen, eng vun de Prioritéite vun der DP Dikrich !

www.diekirch.dp.lu