Stellungnahm vun der DP Dikrich zur Schäfferotserklärung

D’éischt emol ass ze soen, dat d’DP Dikrich mat Satisfactioun feststellt, dat an der Oplëschtung vum Schäfferot vun de prioritäre Projeten eng Reih spezifesch Ideen a Fuerderungen aus dem Wahlprogramm vun der DP Dikrich opgepickt goufe: d’Idee vun engem Parkleitsystem, d’Idee fir een eenheetlecht Vermaartungskonzept fir d’Dikricher Museen, den Ausbau an d’Moderniséirung vu Kannerspillplaatzen, Foussgänger- a Radweeër, d’Professionaliséirung an d’Regionaliséirung vun de Rettungsdéngschter...

Ganz besonnësch begréisse mir, an der Schäfferotserklärung liesen ze kënnen, dat de Schäfferot géint d’Bebauung vum Site Kréiwenkel ass. Dat géif jo dann – anischters a méi explizit ausgedréckt – heeschen, dat de Schäfferot sech géint d’Ackerbauschoul op dem Gilsdorfer Plateau wäert ausschwätzen? Dat wor eng vu dene grousse Fuerderungen vun der DP Dikrich a mir verspriechen an dësem Kontext dem Schäfferot eise volle Support.

Mir begréissen och, dat d’Emgéiungsstrooss fir Dikrich als prioritär ugesi gëtt a virun allem, dat de Schäfferot wëlles huet, den aktuellen Circuit giratoire zu Dikrich z’iwwerdenken. Do brauch et awer nach méi detailléierte Konzepter fir d’Verkéiersproblematik zu Dikrich nohalteg ze verbesseren a mir wäerten des Efforten voll a ganz ënnerstëtzen. An dësem Kontext ass ze soen, dat den zukünftege Site vun der Ackerbauschoul an der Verkéiersproblematik och eng ganz wichteg Roll spillt...

Des weideren heesche mir d’Intentioun vum Schäfferot gudd, fir d’Erschléissung vun ongenotztem Bauland, a wa mir dat richteg verstanen hunn, och d’geziilt Schléissung vu Baulücken weiderzedreiwen, eng weider explizit Fuerderung vun der DP während de Wahlen.

Ganz generell begréisse mir als DP Dikrich, dat de Schäfferot wëlles hut, all zukünfteg Projeten am Kontext vun der Realisatioun op ökologesch Aspekter an ënnert Berücksichtigung vun der Nordstad z’analyseiren, zwou vu fënnef grousse Leitlinnien, déi d’DP sech virun de Wahlen fir all hir Handlungen ginn hat a weider wäert berücksichtigen.

***

Dann hu mir vun der DP Dikrich un der Schäfferotserklärung awer eng ganz Reih Saachen ze beanstanden.

Virun allem vermësse mir an der Schäfferotserklärung kloer Aussoen a duerchduechte Konzepter an alle Beräicher fir d’Zukunft vun eiser Stad.

Anstatt enger simpler Opzielung an Oplëschtung vu net quantifizéierten Projeten, misst eng Schäfferotserklärung, an eisen Aën, ee kompakt Arbéchtsdokument sinn mat kohärente Konzepter, Orientatiounen an Zilsetzungen souwéi mat engem realistëschen Ëmsetzungskalenner fir déi nächst 6 Jar.

Virun allem misst d’Oplëschtung vun de prioritäre Projeten sech op estimativ Käschten baséiren. Dëst schingt eis emsou méi wichteg an der aktueller, desaströser Lag vun den Dikricher Finanzen!

Stëchwuert „Finanzpolitik“ vermësse mir – ganz flagrant – eng Detailanalyse vun der aktueller Finanzlag a virun allem Weeër a Konzepter, wéi den aktuelle Schäfferot gedenkt d’Sanéirung vun de Finanzen unzegoen. Dat déi Detailanalyse Zäit beusprocht a vlaicht nach net zum Zäitpunkt vun der Schäfferotserklärung am Dezember konnt virleien, ka sinn, mee mir hätten eis awer an der Schäfferotserklärung vun der LSAP-Majoritéit zu deser Problematik e puer Wuert méi wéi just d’abstrakt Mentioun tëscht zwee Kommaën vun enger „Konsolidierung der Gemeindefinanzen“ erwaart. En plus, schéngt eis d’Wuertwahl „Konsolidierung“ och net ganz glécklech, well et jo ebe just net em d’Konsolidéiren, mee em d’Sanéire vun eise Finanze geet.

Mir vun der DP Dikrich erwaarden eis an denen nächste Wochen eng publik (well d’Bierger hunn ee Recht dorops) Expertsanalyse vun der reeller Finanzlag. Dat ass onëmgänglech fir kënnen éierlech an objektiv ze jugéiren, wéivill Handlungsspillraum mir zu Dikrich dest Jar an die nächst Jare wäerten hunn. Et geet drëms an denen nächsten Jaren sou ze wirtschaften, dat mer net erstëcken am Zréckbezuelen vun de Krediter...

Wou kënne mer aspueren? Wou kënne mer Käschten nohalteg erofschrauwen? Wou ass Sputt fir zukünfteg Projeten ze realiséiren, a wéivill Sputt ass do, fir wat fir eng prioritär Projeten ze realiséiren? Heizou erwaarde mir eis Äntwerten! Well all Projet, den an der Schäfferotserklärung opgeféiert ass, steet a fällt mat dem disponiblen Budget! Dofir kenne mir d’Finanzpolitik net just an engem Niewesaatz oofdoen.

Doniewt verléiert d’Schäfferotserklärung kee Wuert iwwert aktiv Mesuren viir eis Stad fir nei Betrieber méi interessant ze maachen. De Beräich Commerce an Handel schéngt eis an der Schäfferotserklärung generell ze kuerz ze kommen.

Da vermësse mer an der ganzer Oplëschtung och d’Sanéirung vun enger Reih bestehender Infrastrukturen zu Dikrich, wéi zum Beispill d’Sanéirung vun der Unterführung op der Kluuster (à moins dat déi an der Oplëschtung ënnert dem Punkt „Urbanistische Aufwertung der Fussgängerzone“ abegraff ass) oder d’Astandsetzung vun Trottoiren, virun allem och d’Adaptatioun vun Trottoiren an Borduren un d’Zebrastreifen etc. Den Ënnerhalt vu bestehenden Infrastrukturen kascht och Suen a mir froen eis op een an der aktueller Finanzlag net prinzipiell besser hätt, Bestehendes rem a Stand ze setzen, ier een Neies schaaffe geet, dat grad esou käschtenintensiv ass an och rëm ënnerhal muss ginn. Mir denken do u Projeten wéi eng Mountebikespiste oder ee Rock-Sall, déi als prioritär Projeten an der Schäfferotserklärung opgelëscht ginn.

Am Beräich vun der Stadëntwécklung ass eis och opgefall dat an der Schäfferotserklärung keng Rieds méi geet iwwert den aktuelle Site vun der Brauerei, ee vun de gréissten urbanistesche Potentialer vun eiser Stad. Ee konkrete Projet läit jo um Dësch, wéi gesinn d’Pläng hei fir déi nächste Jaren aus?

Desweidere vermësse mer an der Schäfferotserklärung een Accent op d’Propretéit an d’Pfleeg vun öffentleche Plaatzen an eisem gesamte Stadbild (Grussgaass, Park, Spillplatzen, Bänken, Planzungen etc.) Do erwaarde mer eis, dat d’Gemengegestioun sou gehandhaabt gëtt, datt eist Stadbild mat Suergfalt gepfleegt wäert ginn. Hei bedarf et net kostespillegen Investitiounen, mee virun allem just e besse gudde Wëllens vun alle Säiten. Stëchwuert „Ausbau a Moderniséirung vu Kannerspillplaatzen“ ass ze soen, dat scho vill geschitt wier, wann déi Spillecker déi elo do sinn, vu hiren oft deplorablen Zoustand, mol richteg a Stand gesat a regelméisseg a konsequent gewart géife ginn, virun allem och vum Sécherheetsstandpunkt aus. An ech denken do net just u publik Spillecker mee och un ee Spillschoulshaff: do feelt et u Sand, do feelt u Mulch, do feelt et u Pfleeg, do feelt et u Propretéit a do feelt ee Sonneschutz, dat alles ass net käschtenintensiv, mee et muss just een an der Gemeng sech dofir verantwortlech fillen oder verantwortlech gemaach. Hei ass d’Gemengegestioun gefuerdert!

Desweideren leien eis d’Sécherheet vu Verkéiersiwwergäng a virun allem d’Sécherheet um Schoulwee ganz spezifësch um Häerz. Och hei ka mat klenge Moossnahmen, d’Verkéierssécherheet erhéischt ginn, a mir hoffen dat de Schäfferot an dësem Kontext zesumme mat alle Concernéierten sech desem Problem unhëllt.

An da si mir beim läschte Punkt, dee mir an der Schäfferotserklärung vermëssen an zwar de vun enger verbesserter, geziilter Informatiounspolitik an der Transparenz alls iewescht Leitlinn vum politeschen Handelen. Während aner Stied hei am Lann zum Zil hunn „Open Data City“ ze ginn, wiere mir vun der DP Dikrich scho frou, wa mir eis als Gemengerot, op d’mannst emol de Virsaatz géife gin, eis Bierger uerdentlech an zeitnoh z’informéiren. Mir denken do zum Beispill un d’Publikatioun vun der Schäfferotserklärung um Internetsite vun der Gemeng, un déi regelméisseg zeitnoh Publikatioun vum Ordre du Jour a Compte-rendu vun de Gemengerotssëtzungen um Internetsite an net just am Däiwelselter 2 mol pro Jar. Un den techneschen Outilen hänkt et net, déi si jo do..... Mir vun der DP Dikrich hunn eis op jidfer Fall zum Zil ginn eis Positioun zu gréisseren Dossieren déi d’Dikricher Bierger concernéiren um Internetsite vun der DP Dikrich zougänglech ze maachen.

***

Oofschléissend ass ze soen, dat mir als DP Dikrich eis konkret Äntwerten op déi vun eis opgeworfe Froen erwaarden, mee och dat mir mat dem Haaptzil vum Schäfferot d’accord sinn an zesumme wëllen „d’Attraktivitéit vun Dikrich als Wunn- an Arbechtsstad steigeren an d’Liewensqualitéit vun allen Dikricher gewährleeschten“, sou wéi et am Oofschlosssaatz vun der Schäfferotserklärung heescht.

Mir, vun der DP Dikrich, wëlle kee politescht Gespills, eis geet et em eis Stad: mir wëllen eis der Verantwortung stellen an eis an denen nächste Jaren konstruktiv a mat beschtem Wëssen a Gewëssen fir de Wuel vun Dikrich a senge Bierger asätzen!


Am Numm vun der DP Dikrich,
Jean-Luc MAJERUS, Conseiller
28.02.2012