Lettre ouverte aux commerçants et artisans de Diekirch

Léif Dikricher Geschäftsleit an Handwierker,

Eng vun de Kärkompetenzen vun der Demokratescher Partei ass de Commerce. Keng aner Partei regroupéiert an hire Reien sou vill Indépendanten wéi d’DP.
Gesond lokal Geschäfter bedeite Liewensqualitéit fir all Bierger. Et ass wichteg, seng deeglech Akeef ouni Auto maachen ze kënnen – besonnesch wann ee méi al gëtt. Fir déi méi Jonk heescht et eng Aarbechtsplaz ze fannen an dat ouni all Dag stonnelaang Déplacementer a Kaf huelen ze mussen. Och um touristesche Plang stelle flott Geschäfter ee ganz grousse Plus duer.
Een interessant Nuetsliewe mat flotte Restauranten a Bistroën dréit och zur Liewensqualitéit vun enger Stad bäi.
Wat kann eng Gemeng maache fir eng gesond Geschäftsstruktur ze schafen an ze erhalen?
Ob jiddwer Fall geht et net, andeems ee Schoulmeeschter spillt an de Geschäftsleit wëllt virschreiwen, wéi se hiren Job ze maachen hunn. Déi kënnen dat meeschtens besser.
Mir vun der DP sinn der Meenung, datt nëmmen an engem Dialog mat alle Concernéierten ee Projet erfollégräich ëmgesat ka ginn. Dozou gehéieren och d’Promoteuren, mat deenen een zesumme kucke muss, wéi een ee gesonde strukturelle Mix schafen an erhale kann.
Eng Gemeng kann och zum Beispill Formateuren a Raimlechkeeten zur Verfügung stellen, wou d’Personal ka forméiert ginn, souwuel wat d’ lëtzebuerger Sprooch ubelaangt wéi och den Ëmgang mat de Clienten. Doduerch schaaft een eng Atmosphär an enger Lokalitéit, wou de Client sech wuel fillt an ëmmer gäre rëm kënnt. Et muss een eng regelrecht „image de marque“ zesumme mat allen Acteuren erschafen.
Och un der Vermaartung vun der gesamter Uertschaft soll a muss eng Gemeng sech
bedeelegen, andeems se budgetär Mëttelen zur Verfügung stellt.
All dëst déngt awer net vill, wann de Client keng Parkplaz fënnt. Et ass utopesch ze mengen, datt d’Leit sech kuerzfristeg just nach mam ëffentlechen Transport wäerten deplacéieren.
Wann een dat ofwaard, gëtt et bis dohi kee Commerce méi an Dikrich.
Dës Parkplaze mussen awer och bequem ze erreeche sinn. Do muss een aus de Fehler vun der Vergaangenheet léieren. Eng Parkplaz, wou een d’Dir vum Auto net opkritt, gëtt net benotzt! (c.f. eist deiert Parkhaus op der Esplanade).
Eng vun de Leitlinnen, di mir eis ginn hun fir Politik ze maachen, ass d’Biergerbedeelegung an d’Partizipatioun. Dofir, léif Handwierker a Geschäftsleit, wiere mir frou fir all Input vun Iech, déi d’Dikricher Geschäftsproblematik am besten kënnen. Eng konstruktiv Collaboratioun mat iech leit eis um Häerz.
D’DP ass di eenzeg Partei zu Dikrich di Handwierker a Geschäftsleit ob hirer Lëscht huet, Leit di är Problemer a Suerge kennen a verstinn, an d’ Kompetenzen hunn, fir sech fir är Interessien anzesetzen.

Am Numm vun all eisen Candidaten :

Jean-Luc Majerus Majerus-Parmentier Constructions
Jemp Thill Ameublement Thill
Claude Thibeau Rideaux Thibeau
Paul Kayser fréier Scheer-Arens
Lage Goncalves Maria de Fatima Epicerie Jardin du Portugal