"The Best of Movies" an der Philharmonie

Am Kader vum 150. Anniversaire spillt d’Dikricher Musik den 02. Juni 2018 um 20.00 Auer e flotte Concert ënnert dem Motto "The Best of Movies" an der Philharmonie an der Stad. Et erwaarden Iech Live Musik mat de passende Film-Ausschnëtter synchroniséiert op der grousser Leinwand!

ë.a. um Programm: Star Wars, Frozen, Forest Gump, Jurassic Parc, avm…

Duerch den Owend féiert de Dan Spogen.

Direktioun: Ernie Hammes

Weider Detailer & Reservatioun fannt Dir op eiser Homepage www.pmd.lu.