Wahlprogramm an Wahlversammlung vun déi Lénk Déifferdeng

Zënter 1 Woch huet déi Lénk Déifferdeng hire Wahlprogramm publizéiert, en Donneschdenowend presentéiere si en an diskutéieren si e mat allen intresséierten. Den 7ten Oktober um 20:30h an der Brasserie Thillebierg, 4 rue Roosevelt, presentéieren déi Lénk hire Programm fir Déifferdeng an hir Kandidaten.

Jiddereen kann un där Versammlung deelhuelen a Froe stellen an Iddien diskutéieren.

Den Wahlprogramm ass ze fannen enner: http://www.dei-lenk.lu/sections/differdange/programme