Äddi a Merci fir alles Här Dechen !

Ugangs Juli hunn d’Awunner vum aale Porverband Weimeschkiirch-Beggen hierem Dechen an enger läschter Mass an der Porkiirch zu Weimeschkiirch Äddi gesot. Vill Awunner haaten sech et net huele gelooss an deen Dag déplacéiert fir Merci ze soen fir 38 Joer Déngscht an eiser Por.


Hei, nieft e puer Fotoen, d’Abschiedsried vum Här Jean-Paul Warisse, President vun der Kierchefabrik “Luxembourg Nord Paroisse Luxembourg Notre-Dame”, un eise léiwen Dechen :


Léiwen Här Backes oder wéi se hei an der Por soen, léiwen Abbes,

Här Kerger,

Léif aktuell a fréier Geeschtlech aus dem ale Parverband Weimerskirch-Beggen oder wéi et haut esou schéin heescht, aus der Por Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Nord

Léif Kolleginnen a Kollegen aus der Kierchefabrik, den Oeuvres Paroissiales, der Ekipp Lokale, de Kierchegesäng, der Entente, an allen anere Veräiner

Léif Invitéeën alleguer,


tu es sacerdos in aeternum -Tu es prêtre pour toujours


Huet et am Agangslidd, wat d’Choralen vu Beggen, Dummeldéng, Kierchbierg a Weimerskirch ënnert der Direktioun vum Josée Legille an dem Guy Losch mat un der Uergel de Fernand Aust, zesumme gesongen hunn, geheescht.


Mir schloen haut eng Säit vun eiser lokaler Kierchegeschicht em, a soen engem Mann MERCI deen e grousst Stéck vu sengem Liewen fir d’Chrëschten aus eiser Por do war, an dee probéiert huet all Dag säi Bescht ze maachen.


Vun 1981 bis 2019 waart dir, Här Backes, Paschtouer hei an eiser Mëtt.


Vill Kapléin si an där Zäit komm an och nees gaang, mä dir sidd bliwwen.

38 Joer stoung dir am Déngscht vun alle Gleewegen. Dobäi waart dir ëmmer Uspriechpartner fir Glawens Froen, hutt Trouscht gespent do wou dat gebraucht war. D’Suergen, d’Trauer, jo d’Verzweiflung vun deenen aneren hunn iech net kal gelooss. Dir hutt Kanner gedeeft, d’Sakramenter gespent, Leit bestuet an eng Rei vun eise Frënn a Bekannten op hirem leschte Wee begleet.


Dir hat awer och en oppent Ouer fir déi ënnert eis, déi sech schonns vun der Kierch ewech bewegt haten, grad esou wéi fir déi, déi eis Sprooch net verstan oder geschwat hunn. Dir waart bestëmmt deen 1. wann net esou guer deen eenzegen Geeschtlechen zu Lëtzebuerg, dee Portugisesch geléiert huet, fir esou ze probéieren, och déi auslännesch Matbierger z’erreechen an z’integréieren. Einfach war et sécher net, well nei Weeër bréngen och Mësstrauen an Onverständnis mat. A sou muncher een ënnert eis huet sécherlech bei Geleeënheete geschmunzelt oder de Kapp gerëselt wann dir op Portugisesch geschwat oder gebiet hutt.


Dir hutt séier verstan, datt de Paschtouer zwar eng wichteg Persoun war, awer eleng nach laang net alles konnt bewältegen. Zesummen mat äre geeschtleche Matbridder, de Reliounsjofferen, der Pastoralekipp, äre Sekretärinnen, dem Porverbandsrot a ville Bénévolen hutt dir probéiert eng lieweg Gemeinschaft ze bauen an eise gesellschaftlechen Verännerungen esou Rechnung ze droen.


Déi vill Kierchen an eiser Por hunn et och net méi einfach gemaach, a mat de Joren sinn d’Aarbecht an d’Responsabilitéit gewuess.


Dir hutt drop gehalen regelméisseg an alle Kierche aus der Por eng Mass ze halen an esou de Kontakt mat de Leit ze pflegen, a jiddwer Duerf huet seng Mass, jo wéi sot dir esou schéin, seng Kierch am Duerf behalen. Et war iech en Uleies, datt och an all Duerf e Gesank an der Kierch war, fir esou mam Vollek Gottes d’Massen ze gestalten.


Kierchlech Feierdeeg an Traditiounen waren iech wichteg, an dir sidd net midd ginn, d’Leit z’invitéieren dorun deel ze huelen. D’Ouschternuecht, Karfreideg, Chrëschtdag, Härläichendag, sinn sécherlech nëmmen e puer Beispiller.


Wann ee Kierch seet, da muss een och fir den Ënnerhalt vun dëse Gebaier suergen. Dir hutt iech an all deene Joren op där enger Säit ganz aktiv dofir agesat, am Kader vu Fester an awer och an äre Kierchefabriken, Suen ze sammelen fir esou eis Kierchen ze verschéineren; an op der anerer Säit hu mir iech awer och als e sture Brudder kannt, dee säi Wëllen woost duerchzesetzen an esou och öfters op der Gemeng virstelleg ginn ass - an oft, wann och net ëmmer, mat sengen Ideeën duerchkomm ass.


D’Grotte um Pilatusbierg ass e gudd Beispill dofir. Dës huet misse fort, an dir hutt et fäerdeg bruecht, all d’Figuren ze retten, Verschiddener hei an der Kierch an engem renovéierten Zoustand plazéiert, an eng modern Grotte bei d’Paschtoueschhaus opriichte gelooss. Dat ass e kloert Zeechen vu Glawen, siichtbar fir jiddwereen, an enger Zäit wou de Glawen manner wichteg schéngt ze ginn.


An de lëschte Joren krut dir eng wäertvoll Ënnerstëtzung vun enger Damm, déi sech duerch en déiwe Glawen, en enorme Engagement an eng grouss Empathie auszeechent. Dir hat de Courage, fir an enger Männer Welt, enger Fra eng dach net onwichteg Roll an eiser Kierch ze ginn. Mir sinn iech op alle Fall ganz dankbar, datt eis Pastoral Assistentin, d’Claudine Mootz, Raum an Zäit krut fir aktiv eng Hand mat unzepaken.


Déi 38 Joer sinn net spurlos un iech, an awer och net spurlos un eis laanscht gaangen.


Léiwen Här Backes, déi läscht Joren ware sécherlech net einfach fir iech an et verlaangt scho vill Glawen, Engagement an Energie fir esou laang ze schaffen, also an engem Alter wou anerer schonns laang an der wuel verdéngter Pensioun sinn. D’Gesondheet déi iech déi läscht Joren heiansdo e ferme Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, an iech esou am Élan gebremst huet, grad esou ewéi och d’Entwécklung an der lëtzebuerger Kierch hunn iech midd gemaach, woubäi dir awer ëmmer versicht hutt, iech wéineg umierken ze loossen, aktiv mat ze maachen, an dëst ouni dobäi är dach heiansdo pickeg Remarquen a Punkto Politik an d’Priedegt afléissen ze loossen.


Här Backes, mir wëllen iech haut MERCI soen


- Merci fir déi vill Joren wou dir eise Paschtouer waart a mir e gudd Stéck vun eisem Wee zesumme mat iech goe konnten

- Merci datt dir fir eis a mat eis gebiet hutt

- Merci datt dir eis Freed an awer och eist Leed mat eis gedeelt hutt, a probéiert hutt eng Stäip ze sinn wann dës gebraucht war

- An engem Wuert Merci fir äre onermiddlechen Asaz.


Mir wënschen iech, datt dir trotz ärer fragiler Gesondheet nach vill Joren vun der wuel verdéngter Pensioun profitéiere kënnt a laang Spazéiergäng mat ärem Hond ënnerhuele kënnt. Mir wiere frou, wann dir mat eiser Por am Häerz an am Gebied verbonne géift bleiwen.


Am Numm vun all deenen déi haut hei sinn, an awer och am Numm vun deenen déi aus iergendengem Grond nët kennen haut dobäi sinn, well ech iech dëst Zeechen vun eiser Unerkennung iwwerreechen.