D'Firmlingen vum Parverband Weimeschkiirch-Beggen spenden 1.100€

D'Firmlingen aus dem Parverband Weimeschkiirch-Beggen hun op deene 4 Adventssonndeger Dekoratiounen fir un de Krëschtbemmche verkaaf an esou Geld gesammelt fir e Projet vu Bridderlech deelen am Ruanda. Mat deser Spend get gehollef eng Schoul ze bauen. Merci all de Kiirchegänger déi gespend hun, well esou as déi stattlech Zomm vun 1.082 Euro zesumme komm!