D'Noocht vom 21. op den 22. Januar 1945 zu Draufelt (1)
to see more pictures.
Op deem viirletzten Dag von hirem Réckzoch no der verfehltener Rundstedtoffensiv honn d’Preisen ënnert dem Virwand, et hätten Zivilisten op d’Zaldote geschoss, hei zu Draufelt nach an engem leschten Akt von Verzweiflung 13 Haiser a Brand gestach. Et waren dat d’Haiser von de Famillen THOLL-GROTZ (a Räitzen), DIMMER-HAHN (a Péitesch), THILL-KLEIN (a Kloss), MANGERS-LUDEWIG (a Schnegder), REINERS-HERTGES (bei Kremer Jamper), BOEVER-HOSCHET (an Hanzen), BRÜCK (a Wiewer), RIES-TENKES (an Hueschters), KAP-MAJERUS (a Miirten), MICHELS-FISCHBACH (an Theis), BLESER (an Tiirken), REINERS-SCHLOEFFER (a Mangesch) a CLOOS-WAGNER (an ënnescht Hanzen). Bei 2 Haiser ass de Brand net ogangen, dat waren d’Haus von der Famill MERSCH-BRACHTENBACH (a Näidser) an d’Molkerei. Dann sënn och nach verschidden Ställ a Scheieren a de Flammen zum Opfer gefall, an zwar déi von de Famillen DIMMER-HAHN, THILL-KLEIN, MALGET-LORING, REINERS-SCHLOEFFER an HEINTZ-HAHN. An als Ofschloss von deem verzweifelten Akt gouf dunn och nach d’Kierch gesprengt.
Et hott also op ville Plazen am Duerf misse geraumt a nees opgebaut ginn. Well déi meescht Draufelter Bauereleckt waren hott am Fréijoer 1945 och missen om Feld geplout a geséit ginn. Dofir koum e schwäizer Trakter an d'Duerf fir déi Feldorbichten ze maachen. Bei Mangesch hott de Staat eng Scheier opgeriicht fir d'Hee ënnerdaach ze bréngen. D'Kierch war séier noutdürfteg a Stand gesat ginn, ma mam Opbau von den Haiser goung et nëmme lues viron. Op där enger Säit hott et on Orbichter gefeelt, ma haaptsächlech sënn déi staatlech Hëllefen net erbäi komm. Et sollt esouguer eng Kommissioun aus der Chamber erop kommen, ma déi sënn ni okommen. An dach honn déi Draufelter hiert Duerf nees opgebaut.
1995 gouf eng kleng Erënnerungsfeier on dës schlëmm Noocht zu Draufelt ofgehalen. Am Tuerm von der Kierch gouf deemools en „lieu de mémoire“ geschafen. Do gëtt mat Fotoen on déi grugelech Dot erënnert. Op Kiermessonndig am Joer 2023 gouf do zousätzlech den Openthalt am Haus SCHICKES vom Resistenzler Raymond PETIT dokumentéiert.
Deemols, 1995 hott d‘Hélène JACOBS eis während der Gedenkmass, déi vom Här Paschtouer Michel MEYER zelebréiert gouf, folgend Geschicht erzallt. Dat Haus an deem d’Hélène deemols wor, ass „an Hanzen“ gewiest. En Haus am ieweschten Duerf am Ofank vom Wee deen duerch „Hallecker“ op d’Mille geet.
Meng Erënnerungen an déi schlëmmsten Naacht van der Rundstedtoffensive zu Draufelt.
Mir woren wéi ganz vill Leckt, von doheem, dat heescht va Maarnich viran de Preise fort gelof, a mir koumen op Draufelt bei mäi Grousspapp, den Hanze Jamper. Zu Draufelt wor eng Rout Kräiz Statioun, et gouf net ze vill geschoss a mir haten an eiser Stuff engt Lazarett mat 20 verwonnten jongen Zaldoten.
Mäi Papp a mäin eelste Brouder wore mat de Reeder fortgefahren, well si mussten Granatelächer op de Stroossen zou maachen. a Schützegräf graven, an d'Preisen haten alt mol een an deen aner mat an Däitschland geholl. Mir wossten déi ganz Zäit, bis am Februar net, wou si woren. Also wore mir, 4 Kanner, meng Mamm, 3 Tattaen an deen ale Pätter van 82 Joer eleng.
Et wor deen 21. Januar onheemlech roueg am Duarref. Et koume keng Preise méi zréck, an déi Naacht virdran, woren all déi Verwonnt mat Drobiärren aus der Stuff geschleeft giän. Mir hann dat voller Angscht, déi ganz Naacht am Keller ogelauschtert.
"Et ass eriwwer" hann déi Grouss gesot, et wor kee Preiss méi an der Géigend. D'Stréi gouf aus der Stuff gedroen, grouss Bloutflecke goufen ewech gewäsch an den Dësch erëm an d'Mëtt gesat. Mir hate grad owes eis Grompere mol endlech erëm an der Stuff gees, du hann meng Mamm a meng Tatta bei der Kichefënster gespoult. Eng sot zu der anerer: "So kuck emol, et gesäit ee ganz rout durrich déi déck Verdonklung. O Mamm, do ënnen am Duarref brennt et."
Mir sënn all bei d'Fënster geloof, et wor eng Gloust an engt Feier. Et wosst kee wéisou a firwat. Mir krouche keng Zäit fir laang ze rieden, du roost et gewalteg an der Hausdier. Et hatt ee mam Flëntekollef dra geschloen. Meng Tatta mouch op, hei kënnt ee preiseschen Zaldot eragetuppt an dee jault: „Alles muss aus dem Haus, bindet die Kühe los, lasst alles Vieh auf die Strasse, das Haus wird angezündet.“ Heen hatt direkt mat Phosphor an de Stall geschoss. Mir hann an der Verzweiflung nom Mantelbried gegraff, eng Jackett, ee Schal, een aneren hat ee Mantel, oder näischt. Meng Tattaen haten e Sack mat Brout. Meng kränklech Tatta ass direkt schwaach gefalen, si kruch huerteg kaalt Waasser an d'Gesicht an eraus op d'Strooss. Meng Mamm hat eng Posch mat all eise Pabeieren am Keller stoen, ma si konnt déi net méi huelen, am Hausgang wor well alles voller Damp. An dann nach d'Kéi eraus loossen an alles... Meng kleng Schwëster hat 4 Joer. Hueschter's Gréit war och mat 2 klenge Jongen bei eis am Keller, ee wor 3 Joer al, deen aneren 18 Méint. Hire Mann hat missen an Däitschland schaffen an si hott gefuert fir aleng an hirem Haus ze bleiwen.
Dee wansinnege Preiss koum nach erëm bei eis a sot: "Sammeln sie sich unten im Dorf an der Eisenbahn, auf dem Weg nach Deutschland.“ Mir sënn dunn, ewéi een der hockt leider och ganz vill op der Télé gesäit, Duarref erof gaangen.
Bei "Paafen", do koume mir bal net durrich d'Feier. Do sënn d'Ballicke geflunn, et hott gekraacht a gekréckelt. D'Flame sënn van "Schnegder", van "Kloos" a "Paafen" iwwert der Strooss zesame geschloen. Vam Dimmer koume ganz Placken Eternit bis op d'Strooss bei d'Molkerei geflunn. Déi sënn van der Hëtzt gebascht an dat hat fuerchtbar gekraacht. Et wor d'Hell op der Äerd. 13 Haiser hat de Preiss zu Draufelt agestach an dat 14. hat heen och nach am Viséier.
Mäi Monni, den Hanze Péiter (Boever) wor mat senger Fro a sechs Kanner bei "Léinert" am Keller. Do koum de Pyroman och a wollt an d'Scheier schéissen. Meng Tatta Lucie wor couragéiert a koum mat deem Jéngsten , deen e Puppelche wor eraus an den Haff. Si hatt gebiädelt, de Preiss soll dach Erbaarmen hann, de Keller wier voll al Leckt a Kanner. Dunn hatt de leschte Preiss zu Draufelt eppes wéi Geféil gewisen an ass fort gaangen. Mir woren an där Zäit bei Malget's akommen. Do koumen och déi aner Leckt aus deene brennenden Haiser. An eis gutt trei Kéi koumen eis no. Wat aus hinne gouf, mir wossen et net. Et gouf am Februar 45 eng Kou beim Schickes am Bësch erëm fonnt. Si hat Buuschte von 20 Zentimeter om Réck et wor mengem Grousspapp seng Kou. Mir stounge vläicht eng véierel Stonn beim Hotel beieneen, du soten d'Leckt dat wier geféierlech. Wann ee preisesche Camion kéim, da géife mir an Däitschland gefouert, an et wosst een, wat dat bedeit hätt...
Mir hann eis dunn an déi laang Garagen era gezunn. Et wor däischter wéi an engem Sack. Et gouf jo kee Stroum méi, well alles futti wor, an et musst wéinst deenen amerikaneschen Fliger ëmmer alles däischter sënn. Fir eis wor dat deen Owend eng Chance. An de Garagë sënn mir iwwer Hiwwel a Kniwwel getrollt.
A wosst Dir léif Leckt wat dat wor? Dat wore Läichen, amputéiert Glidder asw. . Am Hotel wor nämlech eng sougenannte "Chirurgie" fir déi Verwonnt, an alles gouf an d'Garage geworf. Et wor zum Gléck schankenhaart gefruarren. Mir Kanner wollten eis Schong net méi an doen, mir wosste jo net wéi laang mir se nach missten an de Féiss halen ouni se kënnen auszedi. D'Männer an d'Froe soten, mir kënnte net laang op deem grujelegen Ënnergrond stoe bleiwen, an et gouf berotschlot fir a Richtung Äischer ze goen, nëmmen net a Richtung Däitschland.