De Grand-Duc Jean 1947 op Besuch bei de Lëtzebuerger Scouten um Jamboree zu Moisson (Parais)

Op der Foto gesait een de Grand-Duc Jean op dem Camp am Gespréich mat dem Gruppechef vu Weimeschkiirch (ech mengen deemols huet daat nach "Scoutsmaster" geheescht), dem Schintgens Néckel, mengem Papp. Vill Detailer wess ech selwer nët z'erzielen, ausser dat daat, knapps 2 Joer nom Krich schons eppes ganz besonnesches war fir Jongen "esou wait ewech" ze campéieren. Et gin awer nach eng Retsch Scouten vu Weimeschkiirch déi deemols mat woren an ech wär frou, sollten se dës Foto gesinn a méng puer Zeilen liesen, wann se e puer "Schnoken" iwwert dësen internationalen Scoutscamp géifen hei um mywort.lu als Kommentar zum beschten gin.

Dem Grand-Duc Jean méngersaits all Gudds fir sai 90. Gebuertsdag.

PS. Ech hu mat Erstaunen festgestallt dat et esou guer e Site iwwert dëse mémorabelen "Jamboree de la Paix" gët : http://www.jamboree1947.com/
an hei e Saaz deen ech do op der page d'acceuil gelies hun :
"Ce Jamboree fut une fête extraordinaire, rassemblant tous les scouts du monde, ennemis d'hier, de religions différentes, autour d'un même feu, symbole de la grande fraternité scoute."
An deem Sënn : emol Scout, ëmmer Scout