Gala Concert 2023 vun der Harmonie Äischen

Am Joer 2023 feiert d‘Harmonie Äischen hiren 125ten Anniversaire. Den  Optakt vun de Feierlechkeete war de Gala  Concert vun der Jubilargesellschaft Freides a Samschdes, den  21. an 22. Abrëll  2023,  am  Centre Culturel  Jean  Wolff  zu  Äischen.

No  der  Begréissung  vum  President  vum  Organisatiounscomité, dem Robert Weyland,  huet  mam  Optrëtt  vum  Jugendensembel  ënnert  der  Leedung vum  Yasmine  Leches  de Gala Concert mat  de Wierker Spectacular  Music  Show,  Power  Rock  a  Funkytown ugefaangen.  Fir hir Leeschtung  kruten  déi  jonk Musikantinnen a Musikanten de  wuelverdéngten  Applaus.

Mat  engem  aussergewéinleche  Programm, zesummegestallt  vum  Dirigent  Claude  Schlim,  huet d'Äischener Harmonie duerno d’Suite vum Programm iwwerholl mat  folgende  Wierker:   Sympatria  vum Thomas  Asanger,  Elisabeth  vum  Michael  Kunze,   When  I  fall  in  Love  vum  Victor  Young,  The  Girls  of  Jobim vum  A.C. Jobim,  On  the  Sunny  Side of  the  Street  vum  D. Fields,  The  Phil  Collins  Collection  arr. Peter  Kleine  Schaars, Someone  to  watch  over  me vum  George  Gershwin,  Total  Toto  arr. Klaas  van  der  Woude, No  one  Else vum  Dave  Malloy, The  Best  of  Robbie  Williams  arr.  Guido  Rennert,  A  Million Dreams  vun Benj  Pasek/Justin  Paul  arr. Jean Claude  Braun a  Celebration  vu Cool  and  the  Gang  arr. Jan van  Kraeydonk.

Zesumme mat de Musikantinnen a Musikanten vun der Harmonie Äischen konnten d’Sängerin Esther  Conter,  wéi  och  de Sänger  Armand  Thies, mat  enger ganz  gudder  Dictioun, hiren exzellente  Stëmmen  esouwéi hirer Presenz op der Bühn musikalesch iwwerzeegen. Déi vill Nolauschterer (2x  Full  House) ware begeeschtert an hunn mat  enger " Standing  Ovation"  fir  dësen  exzellente  Concert  Merci  gesot.

Zum  Ofschloss  huet  d‘Presidentin  vun  der  Äischener  Musek, Peggy  Klein,  allen  Acteuren,  Sponsoren  a  Sympathisanten  Merci  gesot,  an  e  Cadeau iwwerreeche  gelooss un  d’Dirigenten an d‘Solisten  esou wéi och un de  Nello  Zigrand, deen  wéi  gewinnt   duerch  de  Programm  gefouert huet.