De Zonta Club Esch ënnerstëtzt Fraen aus dem Prisong

De 6. Februar 2026 hu verschidde Membere vum Zonta Club EschUelzecht dem Här Kass, préposé Service psycho-social et socio éducatif, sechs gutt gefëllte Rucksäck virum Centre pénitentiaire de Luxembourg zu Schraasseg iwwerginn. Am Virfeld hat den Här Kass dem Club eng Lëscht mat verschiddenen Saachen zoukomme gelooss, ewéi Schlofsak, Isomatt, Hygiène- a Kosmetikartikelen, Täscheluucht, etc. Et war scho méi laang de Wonsch vun de Membere, eppes fir déi weiblech Häftlingen ze maachen, déi no hirem Openthalt wann si entlooss ginn, net an e Logement oder bei hir Famill goe kennen an sech dowéint fir d'éischt emol op der Strooss erëmfannen.