Virun e puer Deeg huet den Zonta Club Esch der Association thérapie équestre eng generéis Zomm vun 8000€ iwwerreecht. Dëst ass d’Recette vum Verkaf vun Adventskränz, dem Adventsmart an och vum Adventspatt
Ënnerstëtzt gëtt d’ATE, déi zu Monnerech Therapie mam Päerd, Klengdéieren an aner inklusiv Aktivitéiten ubidden, dëst fir Jonker an Erwuessener. Si ënnerstëtze mat Hëllef vun den Déieren d’Entwécklung am motoreschen, kognitiven, sozialen an emotionalem Beräich.