De Zonta Club Esch huet de Projet « Zonta Giftbox » virun e puer Joer an d’Liewen geruff.
Orientéiert gouf sech um „Shoeboxproject“, deen 2011 vu 4 Fraen a Kanada gegrënnt gouf.
D’Iddi vum Projet besteet doran, dass eng Fra enger anerer Fra, déi sech an enger schwiereger oder benodeelegter Liewenssituatioun befënnt, eppes schenkt.
De Kaddo besteet an dësem Fall aus enger schéin dekoréierter Këscht, déi mat lauter Saache gefëllt ass, déi enger Fra Freed maachen an dozou bäidroe kënnen, datt si sech besser fillt.
Dëst Joer hunn d’Memberen vum Zonta Club Esch zesummen mat Frënn a Bekannten 56 Giftboxen zesummegestallt, déi si am Kader vum Internationale Fraendag verschenkt hunn u Fraen aus dem Foyer Sud, engem Foyer des Réfugiées, dem Abrigado an dem Haus Marga.
Marga bedeit: Mënschen a respektvoll geschützter Atmosphär begleeden.
D’Dammen Claudia Allar, Chargée de Direction vum cnds Abrigado a Christine Seiwert, Koordinatorin vum Haus Marga hunn dës Giftboxen an Empfank geholl. Si hu mat Léift an Engagement d’Struktur virgestallt, déi eng medezinesch a psychosozial Begleedung fir drogenofhängeg Fraen ubitt.
Am Numm vun all deene Fraen, déi sech richteg iwwert dës Aktioun gefreet hunn gouf dann och e grousse Merci ausgeschwat.