INTERESSEVERÄIN NEIDUERF ESCH - UELZECHT - Generalversammlung 2023

Generalversammlung 2023 ass an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht den 3ten Oktober 2023 ofgehale ginn.

D‘Presidentin Marianne VOLZ huet d’Léit aus dem Quartier begréisst a besonnesch d‘Gemengeréit Enesa Agovic, Ben Funck, Steve Faltz (all vun der LSAP), Marc Baum (vun Déi Lenk) Dahlia Scholl (vun der DP) sowei de Bruno Cavaleiro (vun der CSV), d‘Vertrieder vun den Interesseveräiner Bruch a Lalleng, sowei de Vertrieder vun der Police Grand-Ducale regionale vum Süd-Ouest den Här Steve Oberto. De Cercle Artistique war vertrueden duerch hir Presidentin Tilly Richard-Drui an d’Amicale vun der Strooss 7 duerch hire President Nicolas Goetzinger.

De Schäfferot huet sech entschëllegt, well se net konnten op Generalversammlung kommen, well se aner laangfristeg fixéiert Engagementer haten, notamment a Relatioun mat de Chamberswale vum 8. Oktober 2023.

Den Aktivitéitsbericht gouf vun der Sekretärin Marianne VOLZ virgelies.

De Keesebericht, den sech weise léist, gouf vum Tresorier Georges Weissen virbruecht.

De 5ten September 2023 hate mir eis Doleancelescht vu méi wéi 40 Punkte per Email op d‘Gemeng geschéckt, wou mir den Dag vun der Generalversammlung, op verschidde méi kleng Punkte schrëftlech geäntwert kritt hunn.

Et bleiwen awer nach etlech Punkte vu méi grousser Komplexitéit (z.b. PAP Neiduerf, néi Schoul, Flüchtlingsstruktur, d'Francofolies asw), wo d‘Gemeng nach op eis duer kennt, vir eis d’Äntwerten respektiv Léisungen matzedeelen.

Mir hunn d‘Informatioun vun der Gemeng kritt op e vun eisen Haaptpunkten dat de Problem mam Trafic an der Neiduerferstrooss kéint geléist ginn, well Sie hunn e Gesamtkonzept mat Schikanen an aner Mesuren developpéiert a waarden op Permissioun de Voirie vum zoustännege Ministère.

Den Här Steve Oberto vun der Police Grand-Ducale huet op verschidde Froen aus dem Sall geäntwert.

Duerno huet de Comité op e Patt invitéiert, wo d’Léit nach zesumme konnte poteren.

De Comité huet sech an der éischter Komiteessëtzung no der Generalsammlung wéi folgt positionéiert: Presidentin a Sekretärin Marianne VOLZ, Caissier Georges Weissen, Vice-Presidentin Monique Weber sowei Komiteesmembere Gaetano Digenua, Carlo Feiereisen, Rino Mastrini, Aldo Sagramola an de Luigi Spezzacatena.

Keeserevisore sinn d‘Damme Cornélie Heyar a Netty Stocklausen.

Den Interesseveräin ka per E-Mail erreecht ginn: ivneiduerf@gmail.com .