Kannertheater Ettelbréck am CAPe vun den Ettelbrécker Guiden
Samsdes, den 03.November 2018 um 15.00 Auer
Sonndes, den 04.November um 15.00 Auer
Samsdes, den 10. November um 14h00 an um 17h30
Sonndes, den 11. November um 15h00
Ee flott Theaterstéck fir Kanner vu 4 Joer un, gespillt vun den Ettelbrécker Guiden
Hëllef, mäi Been ass um Mound
"Peterchens Mondfahrt"
fräi nom Gerdt Bassewitz
Doheem beim Pit an dem Lis wunnt de Kiewerlek T. Sumsemann. Viru laanger Zäit hat een Holzdéif dee Bam ëmgehaen, op deem dem Här Sumsemann säin Urgrousspapp souz. Als Strof huet eng Fee den Holzdéif op de Mound geschoss. Mä leider gouf och dem Urgoussbopa säi Bee mat op de Mound geschéckt.
Vun deemools u kritt all Kiewerlek aus der Famill Sumsemann nëmme méi fënnef Bee bis zu deem Dag, wou zwee léif Kanner d’Been op de Mound siche ginn.
Enges Daags léiert den Här T. Sumsemann de Pit an d’Lis kennen, déi him wëllen hëllefen. Fir déi dräi fänkt sou déi spannendst Rees vun hirem Liewen un.
Och dëst Joer spillen d'Ettelbrécker Guiden nees Kannertheater. Ronn 30 Kanner a Jugendlech tëschent 9 a 17 Joer stinn op der Bühn an nach eng Kéier grad esou vill Leit sinn hannert der Bühn am Asaz.
Tarif: 10€ fir déi Grouss, 6€ fir déi Kleng
Renseignementer a Reservatioun :