Concert-Apéritif am Park vum Centre Pontalize


Den 30 Mee huet d'Ettelbrécker Musek den Pensionnairen aus dem Centre Pontalize en Concert-Apéritif am Park gespillt. Wéint den Oploen sin net méi wéi eng ronn 20 Museker fir desen klengen Concert zesummen komm, fir den Bewunner aus dem Centre Pontalize esou eng kleng Freed kennen ze maachen. Natierlech waren och eis Museker frou endlech mol nees zesummen musizéiren ze kennen. Selbstverständlech as sech dobei genau un d'Secherheetsofstänn gehaalen gin.

Merci den Verantwortlechen aus dem Centre Pontalize fir d'Invitatioun, den Patt an den gudden Mauffel.
(Fotoen: Sandra Schneiders)