Ettelbréck :Eeemoleg schéi gefierwten Ouschterär si vill bestallt ginn bei den Ettelbrécker Guiden

Ettelbréck , :
Zënter Joren maache mir eis vill Aarbecht a Méi fir ganz vill schéin Ouschterär ze molen.
Wéi dir op de Fotoe gesidd maache mir bal alles mat der Hand, Wuessstëfter, Pinsel a Waasserfaarwen, a natiirlech och mat Oenneschuelen.
Soguer wann se an d'Ouschterärfaarw gezappt ginn, maache mir se nach méi schéin, a molen nach eppes drop.
.
D'Bestellungen ginn heem geliwwert, Donnesdeg den 28.3. oder Samsdeg, den 30.03.13, ëmmer moies.
Fir eng evt. Aennerung, tel. Chalet 81 82 73..
Een Deel vum Erléis ass fir d'ASBL Andamos, déi sech fir Kanner a Bolivien asetzen.
Am Joer 2012, war een Deel vum Erléis fir eis ONG "Guiden a Scouten" fir eng Welt fir d'Projeten am Niger. Déi 2 Chèquen hu mir um Summercamp iwwerreecht, kuckt d'Foto.

(Fotos:Lis Meyrath)